Den Ament ass eng Ekipp vu 15 Leit op der Plaz, déi mat der ukrainescher Croix rouge zesummeschaffen.

Rout Kräiz an der Ukrain - Reportage Sabrina Backes

Zënter iwwer 30 Joren ass d’Rout Kräiz Lëtzebuerg schonn an der Ukrain aktiv. Zënter dem Ausbroch vum Krich am ganze Land goufen hir Aktivitéiten ausgeweit. Den Ament ass eng Equippe vu 15 Leit op der Plaz déi mat der ukrainescher Croix rouge zesummeschaffen. De Schwéierpunkt läit elo ënner anerem op der Ënnerstëtzung vum Gesondheetssystem, Relogementer an dem Opbau vun Infrastrukturen. Ma och de Wanter mécht der ONG Suergen.

Am Grousse Ganzen hätte sech d’Besoine vun de Leit geännert par Rapport zum Februar. Eng Erausfuerderung wier et den Ament, fir duerch d’Wanterméint ze kommen. An der Ukrain kënnen d’Temperaturen och gäre mol op 20 Grad ënner Null falen. Well awer duerch d’Bombardementer reegelméisseg kee Stroum do wier, kéinten d’Leit och net méi richteg hëtzen. D’Rout Kräiz verdeelt dowéinst Iewen, déi mat Kuele kënne gehetzt ginn. Iwwerdeems plangt d’ONG ëffentlech Gebaier ëmzefunktionéieren, fir datt d’Leit sech do kënnen opwierme goen, wéi si et och schonn zu Irpin gemaach hunn. D'Myriam Jacoby, Chargé de Projet an der Ukrain a Moldawien vum Lëtzebuerger Roude Kräiz:

“Mir hunn ee Spidol zu Irpin renovéiert a mir hunn u sech ee ganze Beräich geholl, wou d’Leit sech kënnen daagsiwwer opwierme kommen. An owes kënne se dann och do schlofen. Well de Problem ass bei sech doheem kënne se et sech net erlaben, se hu keng Suen dofir a sou Demanden hu mer ganz vill.”

Bei hiren Asätz schafft d’Lëtzebuerger Rout Kräiz aktiv mat der Croix rouge aus der Ukrain zesummen, déi meeschtens nach ee besseren Accès op verschidde Gebitter huet. Dem Generaldirekter vum “Ukrainian Red Cross Society” no, Maksym Dotsenko, schaffe fir si den Ament ganzer 1500 Leit. Derbäi kommen 8.000 Fräiwëlleger. Alles an allem konnte si 10 Millioune Leit hëllefen.

Iwwerdeems ass d’Lëtzebuerger Rout Kräiz och a Moldawien aktiv, wou sech den Ament Dausende vu Flüchtlingen ophalen.

Myriam Jacoby: "Moldawien ass d’Statioun wou ganz vill eeler Dammen an Häre bleiwe well moldawesch eng änlech Sproch ass, se gläicht dem ukrainesche méi wéi lo dem polneschen oder rumäneschen an si hunn doduerch e méi einfachen Accès op d’Santé an hunn de Choix heiansdo bei d’Famill kënnen zréck ze goen."

Hei verdeelt d’ONG net nëmme Liewensmëttel an Hëllefsgidder, mee bitt och e psychologeschen Encadrement un.