
Hir Affer goufen op der Strooss ugeschwat oder um Parking vum Supermarché. Do huet d'Fra selwer oder e Mann, d'Affer ëm Hëllef gefrot.
Kleng, reng, gefleegt gesäit d'Ugekloten aus, déi zënter engem Joer an Untersuchungshaft sëtzt. Hir gëtt virgeworf, tëscht 2015 an 2021 fënnef Männer an enger Fra, déi meescht dovun eeler Leit, ronn 380.000 Euro ofgeluchst ze hunn. Hir Affer goufen op der Strooss ugeschwat oder um Parking vum Supermarché. Do huet d'Fra selwer oder e Mann, d'Affer ëm Hëllef gefrot. Ugeklot ass allerdéngs just d'Fra.
Bei verschiddene vun hire Victimmen hätt si sech doheem aquartéiert. Nodeems d'Fra zu Esch an der Uelzechtstrooss en haut 90 Joer aalt Affer ëm Hëllef fir sech an hir Kanner gefrot hat, an hien hir dowéinst Sue geléint hat, ass si dono mat verschiddene vun hire Kanner bei him zu Schëffleng erageplënnert. Bal e Joer wier si do bliwwen. Ëmmer nees wiere Saache verschwonnen. Nodeems si erausgeplënnert war, wier si ëmmer nees bei him doheem agebrach, huet de Mann d'lescht Woch viru Geriicht ausgesot. "Et huet mer alles geklaut, alles futti gemaach", sou de Mann. Souguer d'Gedecks vu sengem Bett war fort. Dowéinst wier et him dono nuets kal gewiescht, huet de Mann ausgesot.
Dësem Mann hätt si och méi wéi eemol Suen ofgeholl, nodeems hien op d'Bank ophiewe war. Eemol soll si hannert Beem op hie gewaart hunn, zesumme mat engem Mann, deen dunn eng Waff op de 90 Joer ale Mann geriicht huet, fir datt hien d'Sue soll erausréckelen.
D'lescht Woch huet ënnert anerem och e Mann ausgesot, bei deem sengem Papp si am Stot gehollef soll hunn. Och do hunn d'Noperen dem Fils gezielt, wier si erageplënnert. Dono huet de Mann vun an déi 80 Joer sech relativ séier, bannent engem Mount vu senger Famill distanzéiert. D'Ugekloten hat him wuel gezielt, si bräicht eng nei Nier. Ënnert anerem fir déi ze bezuelen, hat hien hir wuel alles an allem 41.000 Euro iwwerwisen. De Mann hat sech deementspriechend Notizze gemaach.
Wéi de Fils no senger Vakanz bei säi Papp gefuer ass, fir no him ze kucken, louch dee vu sech a sengem Bett. De Mann ass och am Spidol net méi erwächt an eng Woch méi spéit gestuerwen. "Ass si fir iech quasi d'Mäerderin vun ärem Papp ?" huet de Riichter gefrot. "Jo", huet de Mann geäntwert, hie wier sech sécher, datt d'Opreegung ronderëm d'Ugekloten zum Doud vum Papp gefouert hätt.
De Prozess geet um Méindeg weider mat der Unhéierung vu weideren Zeien, ier d'Ugeklote selwer dru kënnt.