En Donneschdeg den Owend huet den Nohaltegkeetsrot am Naturmusée seng Fuerderunge fir d'Wale virgestallt.

Manifest vum Nohaltegkeetsrot / Reportage Dany Rasqué

Mat engem Elefant ënnert dem Aarm koum de Romain Poulles, de President vum Nohaltegkeetsrot, an den Naturmusée. D'Déier aus Plüsch huet eng Plaz um Riednerpult kritt a stoung do als Symbol fir en offensichtleche Problem, deen awer kee géif uschwätzen.

"Mir missten dringend eise ganze Modell hannerfroen", huet et geheescht.

De Wirtschaftsmodell an och de Gesellschaftsmodell missten a Fro gestallt ginn, huet et vum Romain Poulles geheescht. Et misst ee kënnen driwwer diskutéieren, ob Lëtzebuerg als eent vun deene räichste Länner op der Welt nach weider exponentiell misst wuessen.

Mat sengem Manifest mam Titel "One Planet Luxembourg" mécht den Nohaltegkeetsrot en Appell un d'Gesellschaft an un d'Betriber, an dësem kruzialen Ament virun den nächste Walecheancen, Drock op d'Politik ze maachen.

De Vizepresident vum Nohaltegkeetsrot, den Norry Schneider:
"Mir maachen deen Appell fir ee Planéit, well mer soen, mir hu just een. Den Ament verbrauche mer der jo méi. Eisen ekonomesche System zu Lëtzebuerg verbraucht relativ vill Ressourcen. Mir brauchen eng Politik. Mir hu ganz vill Initiativen an der Regierung, mä mir brauchen eng koordinéiert Aktioun an dofir brauche mer eng Gesellschaft, déi zesummen hält."

Natierlech wier et och um Consommateur, säi Verhalen z'änneren, heescht et vum President Romain Poulles. Stéchwuert Transport, Iessen, Wunnen a Konsum, mä vill Etüde géife beweisen, datt den Impakt bei maximal 15 Prozent läit, wa jidderee sech exemplaresch verhält.

Et wier also méi gefuerdert an de Romain Poulles dréckt dat och nach bësse méi däitlech aus:
"Mam Pissen an der Dusch geet et wierklech net duer. Mir brauchen nach aner Mesuren. Mir brauchen en ambitionéierte Leadership, dee versteet wéi seriö d'Situatioun ass an deen eis dann aus dëser Kris reell erausféiert."

Den Ament géif et awer u Koherenz, Mëttel a politeschem Courage feelen. Mesuren ëmzesetzen, mat deenen d'Klimaziler kënnen areecht ginn, wier net populär, mä et géif ëm méi goen, wéi d'Walen ze gewannen.

De Romain Poulles huet drun erënnert, datt ee misst ophalen ze gruewen, wann een an engem Lach sëtzt, mä mir géife virufueren an eis esou eis eegent Graf schëppen.

Wéi een d'Initiative vum Nohaltegkeetsrot kann ënnerstëtzen, gëtt een am Detail op www.oneplanetluxembourg.lu gewuer.

RTL

De Patrick Michaely, Romain Poulles an Norry Schneider. / © René Pfeiffer