
© RTL Archiv
Den 112 an 113 mellen, zwee Accidenter um Donneschdeg, bei deenen allkéiers eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf.
Géint 17.08 Auer waren d'Ambulanciere vu Beetebuerg an d'Stater Pompjeeën an der Rue des Romains an der Stad am Asaz. Eng Foussgängerin gouf hei vun engem Auto, deen d'Fra wuel net gesinn huet iwwert d'Strooss goen, ugestouss. Nodeems d'Passantin, déi liicht blesséiert gouf, op der Plaz vun der Rettungsdéngschter versuergt gouf, koum si fir eng Kontroll an d'Spidol.
Zu Ettelbréck an der Grand-rue krut géint 18.32 Auer en Automobilist mat sengem Gefier e Foussgänger ze paken, wéi dësen iwwert den Zebrasträife goe wollt. Op der Plaz waren d'Rettungsdéngschter aus der Nordstad, fir déi blesséiert Persoun ze versuergen. Och hei koum de Foussgänger fir eng Kontroll an d'Klinik, konnt dës awer no enger ambulanter Behandlung erëm verloossen. D'Strooss war wärend dem ganzen Asaz fir de Verkéier gespaart an ass géint 20 Auer erëm opgaangen.