
Samu / Domingos Oliveira / © Samu / Domingos Oliveira
E Mëttwoch den Owend an en Donneschdegmëtteg waren d'Rettungsdéngschter véiermol wéinst Verkéiersaccidenter am Asaz.
Um 19.12 Auer hate sech op der Héicht vum Tunnel Houwald op der A1 zwee Autoen ze pake kritt. De Rettungsdéngscht aus der Stad hat sech hei ëm zwou blesséiert Persoune gekëmmert.
Géint 20.20 Auer goufen dann zwou Persoune blesséiert, wéi op der A6 bei Stengefort zwee Autoe matenee kollidéiert waren. D'Ambulanze vu Mamer an aus der Stad an d'Rettungsdéngschter vu Stengefort a Koler waren hei am Asaz.
Kuerz viru Mëtternuecht hat sech dann zu Schuller en Auto iwwerschloen. Hei war eng Persoun blesséiert ginn. D'Ambulanz vu Mamer, de Samu vun Esch an de Rettungsdéngscht vun Dippech waren op der Plaz.
En Donneschdeg um 15.18 war et dann eng Kollisioun tëscht zwee Autoen op der Kräizung tëscht dem boulevard Pierre Werner an der rue Joseph Leydenbach an der Stad. Eng Persoun gouf dobäi blesséiert. D'Ambulanz an d'Pompjeeë aus der Stad waren am Asaz.