E Mëttwochowend an an der Nuecht op en Donneschdeg sinn Onéierlecher op ganzer aacht Plazen agebrach respektiv hunn et probéiert.

E Mëttwoch an an der Nuecht op en Donneschdeg sinn Onéierlecher op net manner wéi aacht Plazen virun allem am Süden an Zentrum vum Grand-Duché agebrach oder hunn et op mannst probéiert. Tëscht 18. an 01. Auer sinn an der rue des Mouleurs zu Diddeleng eng oder méi Persounen an een Eefamilljenhaus agebrach wou se eng Partie Wäertgéigestänn matgoe gelooss hunn. Och zu Diddeleng goufen der Police an der rue du Mont St. Jean Abriecher gemellt, obwuel d'Bewunner doheem waren. Kuerz nodeems si bemierkt goufen, hunn d'Täter sech mat diverse Wäertgéigestänn duerch d'Bascht gemaach.

Um Boulevard J.F. Kennedy zu Esch gouf probéiert an eng Wunneng um 7. Stack vun engem Appartementshaus anzebriechen.

An der ancienne Côte d'Eich an der Stad waren eng oder méi Persounen am Laf vum Mëttwoch an eng Wunneng um Rez-de-chaussée agedrongen an hunn eng Rëtsch Géigestänn geklaut.

Géint 16.20 Auer e Mëttwoch gouf der Police zudeem een alkoholiséierte Mann gemellt, deen an der Stater rue Aldringen um Royal Hamilius randaléiert huet. Hie soll Fraen an enger Bäckerei belästegt hunn.

Um Boulevard Pierre Frieden um Kierchbierg gouf e Mëttwoch tëscht 15.45 a 17. Auer probéiert an eng Wunneng anzebriechen, ma et huet net geklappt.

Och an der Stad, um Boulevard Joseph II, ass et an enger Wunneng um 2. Stack zu engem weideren Abrochversuch komm. D'Wunnengsdier  gouf dobäi beschiedegt.

Zu Bartreng an der rue de Luxembourg hu géint 1. Auer an der Nuecht Onbekannter probéiert an eng Brasserie ze kommen.

An da koum et an der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg an der rue de l'Industrie zu Rodange nach zu engem Abroch an engem Bürosgebai. Dobäi goufen Tiräng a Keese duerchwullt a verschidde Wäertgéigestänn geklaut. An alle Fäll gouf Plainte gemaach a Spuere geholl.

Géint 16.20 Auer e Mëttwoch gouf der Police zudeem een alkoholiséierte Mann gemellt, deen an der Stater rue Aldringen um Royal Hamilius randaléiert huet. Hie soll Fraen an enger Bäckerei belästegt hunn. Nodeems Sozialaarbechter dat bemierkt hunn, hu si de Mann ugeschwat, wouropshin dësen handgräiflech ginn ass. Och vis-à-vis vun de Policebeamte gouf de Mann ausfalend an aggressiv. Well de Mann eng Gefor fir sech selwer an anerer duergestallt hätt, gouf e vun de Polizisten immobiliséiert a koum no enger medezinescher Ënnersichung a Passagearrest. Et gouf Plainte beim Parquet gemaach.