De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

D'Paie ginn an d'Luucht
Den 1. Februar ass eng Indextranche fälleg ginn. Deemno ginn d'Paien dëse Februar ëm 2,5 Prozent an d'Luucht. Déi nächst Indextranche gëtt dësen Abrëll ausbezuelt. Da gëtt et nach eng Kéier 2,5 Prozent méi an der Pai.

D'Ukrain brauch weider Hëllef
Wärend d'Spëtze vun den EU-Institutiounen op Visitt zu Kiew sinn, gi virum Europaparlament zu Bréissel Spende gesammelt. "Dat schlëmmst kënnt eréischt", sou der Message aus der Ukrain. Den Krich an der Ukrain war den Donneschdeg dann och Sujet am Kloertext. Hei gouf ënnert anerem doriwwer diskutéiert, wéi grouss de Risk vun enger Eskalatioun ass.

Eeler Leit ausgenotzt
Eng Fra vu 42 Joer steet viru Geriicht, well Si iwwer Jore vun 10 eelere Leit soll profitéiert hunn. 380.000 Euro soll Si sech esou an d'Täsch gestach hunn. Bei e puer vun hiren Affer huet si zäitweis souguer mat hire Kanner gewunnt. De Parquet freet 7 Joer Prisong fir d'Ugekloten.

De Platzverweis am Praxistest
Zënter leschtem Summer kann d'Police e Platzverweis ausschwätzen, wa Sans-Abrien oder aner Leit Hausdiere blockéieren. An der Theorie schéin a gutt, wat et an der Praxis bréngt huet eng Ekipp vun RTL gecheckt.

Den Norde kritt geschwënn en IRM
Den neien IRM kënnt an de Centre Schlasskéier stoen. Bis dëse fäerdeg ass, soll d'Maschinn awer provisoresch an d'Wëlzer Spidol stoe kommen.

Stierfhëllef zu Lëtzebuerg
De Jean-Jacques Schonckert vun der Associatioun "Mäi Wëllen, mäi Wee" war um Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. D'Thema stierwe wier ëmmer nach en Tabu. Souwuel d'Leit dobaussen, wéi och d'Spidolspersonal misst méi iwwert d'Thema Stierfhëllef opgekläert ginn.

Nei Chance, fir de Robbie Williams ze gesinn an ze lauschteren
Et ass déi éischte Kéier, dass de Sänger zu Lëtzebuerg op der Bün steet. D'Tickete waren dunn och séier fort. Elo gouf annoncéiert, dass de Robbie Williams en zweete Concert gëtt. Hei ginn et souguer nach Ticketen ze kafen.

Knapp all 10. Lëtzebuerg drénkt all Dag Alkohol
E kleng Land, mee groussen Duuscht. Net ganz ongeféierlech. "Beim Alkohol gëtt et kee Konsum, dee sécher ass fir eis Gesondheet", seet d'Weltgesondheetsorganisatioun.

Vill Onzefriddenheet wéinst Retarden
Ëmmer rëm reege sech d'Leit driwwer op, dass Bus an Zuch op der Nordstreck permanent ze spéit sinn. De Marc Hoscheid huet et sëlwer getest.

Konfusioun beim Dammebasket
No der Halleffinall tëscht Diddeleng an dem Gréngewald ass nach onkloer, wien d'Finall géint de Sparta Bartreng spillt. Beim Score koum et nämlech zu "klenge" Feeler.

Prozess vun enger grousser Theaterproduktioun
D'Myriam Muller ass net méi aus der Lëtzebuerger Theaterzeen ewechzedenken. Mir hu si bei hirer Shakespeare-Inzenéierung begleet.

@rtl.letzebuerg Den RTL-Wocheréckbléck😀 E puer Nouvellen, déi Dir dës Woch net sollt verpasst hunn 📰 #Wochréckbléck #RTL #Luxembourg #rtlluxembourg #rtlneverstops ♬ original sound - RTL Lëtzebuerg