Am Prozess wéinst Abus de faiblesse géint eng 40 Joer al Fra huet hiren Affekot nach eng Kéier hir "schwéier" Liewenssituatioun betount.
Um Stater Geriicht goung e Méindeg de Prozess wéinst Abus de faiblesse géint d'Fra op en Enn. Hiren Affekot sot d'Demande vum Parquet fir siwe Joer feste Prisong ouni Sursis wier a sengen Aen "eng extrem sevère" Strof. D'Fra, déi e groussen Deel vun de Faiten zouginn huet, hätt bis elo "onbestridden en extrem schwéiert Liewen" gehat. Si ass Mamm vun aacht Kanner a scho Groussmamm. Sechs vun hire Kanner si mannerjäreg an zu Lëtzebuerg a Foyere placéiert, zanterdeem d'Fra an Untersuchungshaft ass – do ass si zanter 15 Méint.
Hiert éischt Kand hätt si mat knapps 15 Joer kritt, dat zweet mat just 17. "An eisem Land mat eise Gesetzer haut, wier dat Viol", sou den Affekot wärend d'Ugeklote gekrasch huet. Si kéim aus der Communautéit vun de rumänesche Roma, enger Communautéit, an där d'Männer all Pouvoir hätten. Enger Communautéit, déi vill diskriminéiert géif ginn, wouduerch si och kaum scolariséiert gewiescht wier, huet den Affekot erkläert.
Hire Mann wier ni schaffe gaangen. Hien hätt d'Ugekloten ënner Drock gesat a si hätt déi Doten, déi hir virgeworf ginn, och aus Angscht virun hirem Mann begaangen.
Et wier kloer, datt si net eleng gehandelt hätt, mee si géif elo eleng viru Geriicht stoen, fir sech ze veräntwerten. Hie wéilt net soen, datt seng Cliente eng schwaach Persoun wier, mee si wier och eng "vulnerabel" Persoun, déi an engem patriarchaleschen Clan grouss gi wier. Fir doraus auszebriechen, hätt si sech misse vun allem befreien, wat si e Liewe laang geléiert gi wär.
Dat wiere keng juristesch Argumenter, huet den Affekot zouginn, mee deenen Ëmstänn misst awer Rechnung gedroe ginn. Eng Strof vu siwe Joer festem Prisong ouni Sursis wier dofir fir hien eng "inconcevabel an onverständlech" Demande.
De Substitut vum Parquet wollt déi Argumenter a senger Replique net gëlle loossen. Hien sot, d’Fra wier "keng Victime vum Patriarchat" gewiescht. An der Enquête géifen et keng Elementer, fir e Co-Auteur oder e Kompliz unzekloen. D’Ugekloten hätt professionell gehandelt. Si wier a Kontakt gewiescht mat de Sozialservicer a wa si gewollt hätt, hätt se sech kënnen aus hirer Situatioun befreien.
De Parquet wërft hir vir enger 10 Persounen, déi meescht dovun eeler Männer, iwwert eng Zäitraum vu siwe Joer ronn 380.000 Euro ofgeholl ze hunn.
D’Ugeklote selwer, déi dat lescht Wuert hat, huet sech ënner Tréinen nach emol beim Riichter a bei de Victimmen entschëllegt. Si hätt, zanterdeem se am Prisong wier, ganz vill geléiert a well sech och vun hirem Mann scheede loossen. Si wéilt schaffe goen, well se wéilt, datt hire Kanner hiert Liewen anescht géing ginn. A fir mat hirer Pai e Geste vis-à-vis vun de Victimmen ze maachen. D'Urteel gëtt de 16. Mäerz gesprach.