De "Comité de défense des droits de l’homme en Iran" rifft d’Lëtzebuerger Regierung op, eng Resolutioun vum EU-Parlament ze ënnerstëtzen.

Déi gouf Mëtt Januar guttgeheescht. An dëser gëtt d’Virgoe vum iranesche Regime géint d’Protester vum Vollek mat willkürlechen Doudesstrofen ugeprangert. Dës missten direkt ophalen a sämtlech Protestler, déi zum Doud verurteelt goufen, sollte fräikommen.

Lëtzebuerg géif, anescht wéi Däitschland, Frankräich oder Holland, dës Resolutioun nach net offiziell ënnerstëtzen. Ee weidere Punkt dorausser ass beispillsweis deen, dass den EU-Conseil opgefuerdert gëtt, d’Revolutiounsgarden zu Teheran op déi europäesch Terror-Lëscht ze setzen.