D'Chamber-Parteien an hir Positiounen

© AFP
Wéi gesinn d'Lëtzebuerger Parteien de Krich an der Ukrain? Mir hunn nogefrot.
Virun engem Joer ass Russland an der Ukrain agefall. Zanterhier huet och dat Thema d'Lëtzebuerger Politik matbestëmmt. Mir hu bei de Lëtzebuerger Parteien, déi an der Chamber vertruede sinn, nogefrot, fir ee Bild vun de momentane Positioune bei verschiddene Froen ze kréien.
De Krich an der Ukrain huet vill Mënschen aus hirer Heemescht verdriwwen, en Deel dovun ass als Flüchtlingen op Lëtzebuerg komm. Wéi soll deene Betraffene gehollef ginn a wou solle se logéieren? Och dozou hunn d'Parteie Stellung geholl.
Déi Gréng schwätze sech kloer fir eng Hëllef vu Lëtzebuerg fir déi ukrainesch Flüchtlingen aus. Et ass ee bei deene Gréngen der Meenung, dass een esou laang wéi de Krich dauert, de betraffenen Ukrainer hei zu Land déi néideg Hëllef zoukomme loosse soll. Fir d'LSAP soll a muss Lëtzebuerg bereet sinn, sech den Ëmstänn weider unzepassen. Dat och an Zukunft.
Déi Lénk géifen et souguer méi wéi ubruecht fannen, wann déi agefruere Sue vu russeschen Oligarche benotzt solle ginn, fir an der Ukrain den Neesopbau ze ënnerstëtzen. Dëser Meenung ass och d'CSV. D'Hëllef soll soulaang wéi néideg an och am Heemechtsland vun de Betraffenen ëmgesat ginn. D'DP schwätzt an dësem Kontext vun enger potentieller Memberschaft vun der Ukrain an der Europäescher Unioun.
Och d'ADR betount, dass deene Leit muss gehollef ginn a begréisst, dass Lëtzebuerg sech bis ewell sou solidaresch weist.
D'Piratepartei hält eng dauerhaft Residenz vu Flüchtlinge wärenddeem net fir probabel. Net well een de Leit net hëllefe well, mee well een hofft, dass de Krich sou séier wéi méiglech een Enn huet, an déi betraffe Persoune kënnen heemgoen.
A Saache Flüchtlingshëllef si sech déi eenzel Chamber-Parteien eens. Et muss gehollef ginn, wou et nëmme geet a wa méiglech mat alle Mëttel.