Vum 17. bis den 19. Mäerz, ass de Concours national Jonk Fuerscher.

D'Fondation Jeunes Scientifiques Luxembourg organiséiert vum 17. bis den 19. Mäerz 2023 den 52. Nationale Jonk Fuerscher Concours am Forum Campus Geesseknäppchen.

Hei weisen Jonk Fuerscher tëscht 11-21 Joer hiren eegene Projet, mat deem sie - nieft enger super Erfarung - och flott Präisser gewanne kënnen.

D’Zil vun der FJSL ass et, déi Jonk hei am Land fir d’Natur- an Humanwëssenschaften ze sensibiliséieren an ze inspiréieren, souwéi international Erfahrungen unzebidden fir hiren Horizont ze erweideren.

Nodeems si sech mat virtuelle Formater während der Pandemie vertraut hunn, ass de FJSL houfreg eng nei Editioun live vun der Konkurrenz ze bidden.

Sou presentéieren déi jonk Fuerscher vum 17. bis den 18. Mäerz hir Projeten am Forum op der Bühn a virun enger Jury vun Experten.

Dobäi kann de Publikum live iwwert e Stream nokucken, deen national an international zougänglech ass fir jiddereen mat engem Computer, Tablet oder Smartphone an enger stabiler Internetverbindung.

Bei der Porte Ouverte e Sonndeg, den 19 Mäerz vun 13:00 bis 16:00 Auer ass de Publikum op der Plaz an de Forum Campus Geesseknäppchen invitéiert, fir d’Projeten z’entdecken a sech mat de Jonke Fuerscher auszetauschen.

Duerno kënnen invitéiert Gäscht un der Präisiwwerreechung deelhuelen, a Präsenz vun der Finanzministesch, der Madame Yuriko Backes an der Ministesch fir Ëmwelt, Klima an nohalteger Entwécklung, der Madame Joëlle Welfring,  souwéi sech op eng sëlleche musikalescher Optrëtter freeën, wärend de breede Publikum d’Zeremonie erëm iwwer de Livestream verfollege kann.

Fir méi Informatiounen, besicht hire Site: www.fjsl.lu an follegt hinnen op Social Media: FB: @fjs.lux, IG: @fjs.lux an Twitter:@fjslux

Programm vum Livestream op RTL.lu