An der Chambre des Métiers gouf de Bilan vum Pakt Pro Artisanat gezunn awer och e Bléck no vir gehäit.
D'Handwierk soll weider ënnerstëtzt an Hëllefsstellungen ugebuede kréien. An dat ënnert anerem, wann et drëm geet, datt e Betrib vun engem aneren iwwerholl soll ginn. An den nächsten 10 Joer rechent een nämlech domat, datt dat bei engem Drëttel vun den Entreprise wäert de Fall sinn. Ënnerstëtzung soll een do op der Plattform buisnesstransfer.lu fannen.
Fir kënnen de Cédant an de Repreneur beieneen ze bréngen an ze kucken, wéi een déi Transmissioun virbereede kann. Iwwer 200 Transmissioune goufe begleet an iwwer 160 Mol ass de Kontakt tëscht den Entreprisen gelaf, fir eng propper Transmissioun ze maachen, fënnt de Mëttelstandsminister Lex Delles.
Wichteg am neie Pakt Pro Artisanat ass weider d'Digitalisatioun, mä och d'Nohaltegkeet. An och do soll een ënnert d'Äerm gegraff kréie mam sougenannten House of Sustainability.
Et ass eng Internetplattform, wou all d'Informatioune regroupéiert sinn Punkto Nohaltegkeet - ob dat Toole sinn, Diagnostikinstrumenter, Formatiounen ... de Betrib soll alles op enger Plaz fannen an déi eng oder aner Offer kënnen an Usproch huelen, erkläert den Direkter vun der Chambre des métier, Tom Wirion.
Den Tom Wirion hofft iwwerdeems, datt och déi nächst Regierung d'Handwierk weider ënnerstëtze wäert.