Am Hibléck op d'Chamberwalen huet de CID Fraen an Gender ënnerschiddlech Fuerderunge géint Sexismus a Rassismus ausgeschafft.

Basis fir d'Fuerderunge war ee Questionnaire, deen de CID un d'Parteie geschéckt huet. D'Fuerderunge bezéie sech op d'Beräicher Bildung, Aarbecht, Kultur, Politik a Gesellschaft. Hei koum eraus, datt vill Parteie sech scho mat deene Sujete befaasse géingen. An anere Beräicher géing et awer nach Loft no uewe ginn. Heiansdo géing et de Parteien u konkreten Iddie feelen oder se wiere sech bestëmmten Zorte vun Diskriminéierung net bewosst.

CID Fuerderunge fir d'Walen / Reportage Sabrina Backes

Gréisstendeels eens wiere sech d’Parteien doranner, datt d'Präventioun vu Gewalt Deel vun der Ausbildung vun der Police, Justiz a vum Gesondheetssecteur soll ginn. D'Isabelle Schmoetten vum CID Fraen an Gender:

"Zënter Jore ginn hei am Land vill Efforte gemaach, fir genderbezu Gewalt ze bekämpfe, mä et geet einfach net duer, grad och déi rezent Fäll vu Femizider, déi hei am Land nach ëmmer net sou genannt ginn, sinn e Beispill, dass einfach nach esou vill net geschitt. Et gëtt ze vill gekuckt, wann et schonn dozou komm ass. Da gëtt gekuckt, dass d’Fra gehollef kritt, an an ee Fraenhaus kann, mä et gëtt ze wéineg präventiv gemaach an eisen Aen.”

Wann et ëm d’Bekämpfung vu sexueller Belästegung am ëffentleche Raum geet, hätten d’Parteien zwar Iddie fir Mesuren, ma et géing net kloer ginn, wéi des ëmgesat solle ginn. De CID Fraen an Gender fuerdert, datt ëffentlech Plaze besser beliicht ginn an datt d’Personal am ëffentlechen Transport sollt erhéicht ginn, esou d'Claire Schadeck vum CID Fraen an Gender:

"Ech mengen doduerch, dass mer elo dee gratis ëffentlechen Transport hunn, ass leider och d’Kontaktpersonal net méi esou present, dat féiert awer och dozou, dass wann ee Belästegung am ëffentlechen Transport erlieft, dass et net sou einfach ass, fir un eng Persoun ze kommen, bei der een dat melle kann, resp no Hëllef froe kann.0

Iwwerdeems fuerdert de Centre d'information et de documentation femmes et genre eng sougenannten Intersektional Gläichstellungspolitik. Persounen, déi vu verschidden Zorte vun Diskriminéierung betraff sinn, misste bei politeschen Decisioune méi berécksiichtegt ginn.

Déi ënnerschiddlech Fuerderungen huet de Grupp och un d'Parteie weidergeleet.