
Samu / Domingos Oliveira / © Samu / Domingos Oliveira
Kuerz no 20 Auer en Donneschdeg den Owend war tëscht Lausduer a Wäiswampech eng Persoun vun engem Auto erfaasst a blesséiert ginn.
De Foussgänger wier op d'Fuerbunn a Richtung Wäiswampech getrëppelt an direkt vum Auto erfaasst ginn. No éischte Soine vum Samusdokter op der Plaz gouf d'Affer, dat nach bei sech war, uerg verwonnt an d'Spidol bruecht. De Samu vun Ettelbréck, d'Ambulanz vun Ëlwen an d'Rettungsdéngschter vu Clierf a Wäiswampech waren hei am Asaz.
Iwwerdeems war géint 17.10 Auer en Donneschdeg den Owend e Motocyclist op der N13 tëscht Steebrécken a Wickreng gefall. D'Ambulanz vun Diddeleng an de Rettungsdéngscht vu Monnerech waren hei op der Plaz.
Géint 06.30 Auer e Freideg de Moie hate sech dann um Boulevard Aloyse Meyer zu Esch en Auto an e Moto ze pake kritt. D'Rettungsdéngschter vun Esch, Monnerech-Reckeng an de Samu hu sech hei ëm eng blesséiert Persoun gekëmmert.