
© RTL Archiv
De Stater Geschäftsverband begréisst, datt de blo-schwaarze Schäfferot d'Heesche verbidde wëll.
Wéi et e Freideg de Moien an engem Schreiwes heescht, géif een als Stater Geschäftsleit schonn zanter Joren e Plazverweis fuerderen, fir d'Heeschen a kommerzielle Zonen an der Stad ze verbidden. Deemno géing een hoffen, datt d'Propositioun, fir d'Heeschen ze verbidden, am Gemengerot géing ugeholl ginn.
Wéi den CSV-Schäffe Laurent Mosar dës Woch géigeniwwer dem Paperjam sot, wier virgesinn, datt de Verbuet tëschent 7 Auer moies an 10 Auer owes an de Parken, op den ëffentleche Plazen an an enger Rei Stroossen an der Uewerstad an am Quartier Gare gëlle soll. Den DP-CSV-Schäfferot wéilt en deementspriechend Reglement de 27. Mäerz am Gemengerot ofstëmme loossen.
Schaarf Kritik vun déi Lénk
D'DP an d'CSV géingen hir d'richtegt Gesiicht weisen, dat vun der sozialer Veruechtung. Dat schreiwen déi Lénk aus der Stad, an enger Reaktioun op d'Pläng vum Stater Schäfferot, fir d'Heeschen ze verbidden. Dat wier weder chrëschtlech nach sozial, ma géing ganz gutt den Etat d'esprit vun der liberaler Elite weisen, déi d'Haaptstad zanter 54 Joer géing regéieren. Net nëmme géing esou eng Mesure déi Aarm veruechten, ma se géing géint de Rechtsstaat a géint Grondrechter verstoussen. Déi Lénk fuerderen de blo-schwaarze Schäfferot op, dat geplangte Reglement zréckzezéien, iwwert dat de 27. Mäerz soll am Gemengerot ofgestëmmt ginn.