Gemengewalen
Aschreiwung fir d'Bréifwal zanter e Méindeg méiglech

© RTL Grafik
E Sonndeg an 12 Woche sinn d'Gemengewalen. Dat bedeit, dass ee sech vun e Méindeg u fir d'Bréifwalen aschreiwe kann.
D'Demande dofir kann een entweder via Formulaire oder Bréif bei senger Gemeng oder online op myguichet maachen.
Wann een hei am Land per Bréif wiele wëll, kann ee sech bis spéitstens 25 Deeg virum Walsonndeg, also bis de 17. Mee aschreiwen. Wann een aus dem Ausland per Bréif wiele wëll, huet ee bis den 2. Mee Zäit.
Am meeschte gelies