Motocyclist bei Accident schwéier blesséiert

CGDIS / © CGDIS
Um 19.10 Auer en Dënschdeg den Owend war um CR119 tëscht Kéideng an Iernzen en Auto op d'Géigespuer geroden an hat e Moto ze pake kritt.
Wéi d'Police mellt, war de Motocyclist bei dësem Accident schwéier blesséiert ginn. Den Alkoholtest vum Automobilist war positiv. D'Spuersécherung war op der Plaz. Esouwuel den Auto wéi och de Moto goufe confisquéiert.
De CGDIS mellt dann eng Partie weider Accidenter, zu deenen et en Dënschdeg den Owend respektiv e Mëttwoch an der Nuecht komm ass.
Um 17.08 Auer en Dënschdeg den Owend hate sech kuerz hannert der Grenz op der franséischer A31 2 Autoen ze pake kritt. D'Rettungsdéngschter vu Beetebuerg an Diddeleng waren hei op der Plaz, fir sech ëm zwou blesséiert Persounen ze këmmeren.
Géint 19.10 Auer war et dann op der A4 an Direktioun Esch op der Héicht vu Leideleng zu engem Accident tëscht 3 Autoe komm. Hei gouf eng Persoun blesséiert. D'Ambulanz vu Schëffleng an d'Rettungsdéngschter vu Leideleng an aus der Stad waren am Asaz.
Um 21.44 Auer waren um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an der Stad zwou Persoune blesséiert ginn, wéi 2 Autoe matenee kollidéiert waren. Den Asazzenter aus der Stad war op der Plaz.
E weideren Accident tëscht 2 Autoe gouf et da géint 1.20 Auer e Mëttwoch de Moien am Rollenger Gronn. Hei gouf et ee Blesséierten.