Diskriminatioun bei Bluttspender soll ofgeschaaft ginn
Bluttspende soll och méiglech si fir Männer, déi Geschlechtsverkéier mat Männer hunn, fënnt d’Paulette Lenert.
D’Rout Kräiz ass an dësem Dossier e bësse méi retizent.
Bluttspenden, en noble Geste. Ma Männer, déi am Laf vun de leschten 12 Méint Sex mat engem Mann haten – am Fachjargon "MSM" - sinn net zougelooss fir rout Bluttkierpercher oder Plaquetten ze spenden. Grad wéi Fraen, déi am leschte Joer mat engem Mann geschlof hunn, den och gläichgeschlechtleche Sex hat.
"An de Statistiken zu Lëtzebuerg, surtout iwwer Ausbreedung vum HIV-Virus, steet nach ëmmer dran, datt Männer, déi Sex mat Männer hunn, zur Halschecht vun den Infektioune bäidroen," seet de Generaldirekter vun der Croix-Rouge.
De Risk wär deemno bei dëser Populatioun statistesch méi héich, esou de Michel Simonis. Hie bedauert, datt d’Statistike sech aktuell just op sexuell Orientéierung an Toxicomanie beschränken a fuerdert hei méi eng detailléiert Vue.
"Problematesch ass de comportement sexuel à risque"
An den Ae vun der Gesondheetsministesch soll déi sexuell Orientéierung vum Spender keng Roll méi spillen.
"Dat wat problematesch ass, a wat an eisem gesetzleche Kader ausgewisen ass, ass de comportement sexuel à risque. Dat ass an eisen Aen haaptsächlech de Multipartenariat," seet d’Paulette Lenert. D’Praxis zu Lëtzebuerg wär ongerecht vis-à-vis vun vun enger Communautéit, a sachlech net genuch begrënnt. Och si bedauert, datt et keng detailléiert Statistike ginn.
D’Rout Kräiz géif sech géint Diskriminatioun asetzen, besonnesch a sengen Aktivitéiten am HIV-Beräich, ënnersträicht iwwerdeems de Michel Simonis.
"Hei gëtt et, en Equilibrage ze maachen tëscht Diskriminéierung a sécherer Bluttspend. Mir musse virun allem dofir suergen, datt, wann eng Persoun schwéier krank ass am Spidol an déi kritt e Bluttproduit. Datt se e Bluttproduit kritt, dee méiglechst gutt, méiglechst perfekt ass, wou de Matching passt an den och net kontaminéiert ass."
Effektiv muss de Bluttspender och haut schonn uginn, egal ob Mann oder Fra, ob en an de leschte 4 Méint e Partnerwiessel hat. Ass dat de Fall, kann en zu dësem Zäitpunkt kee Blutt spenden. Ma och wa bei all Bluttspend Analyse gemaach ginn, d’Blutt gebotzt an d’Risikoverhale vum Spender analyséiert gëtt, bleift, egal op männlechen oder weibleche Spender, ëmmer e minimale Reschtrisiko vun enger Iwwerdroung.
"Da muss d’Gesellschaft Responsabilitéit iwwerhuelen..."
De Risk vun enger Kontaminatioun wier haut minimal. Géif duerch déi geplangte Dispositioun an d’Luucht goen, awer nach ëmmer ganz kleng bleiwen, gëtt de Michel Simonis zou. Mä wann dëse gesellschaftleche Choix geholl géif, datt da sollt net d’Rout Kräiz d’Verantwortung droe musse,n falls et zu enger Kontaminatioun kéim, déi net duerch d’Organisatioun verschëlt gouf.
Bis ewell wär dat awer de Fall. Am Géigesaz zu den Nopeschlänner. Dat wier problematesch, net just wéinst HIV, mä och wéinst aneren iwwerdrobare Krankheeten, déi haut vläicht nach net bekannt wieren. Gëtt de Michel Simonis ze bedenken.
D’Gespréicher mam Staatsministère lafe fir eng Léisung ze fannen. D’Gesondheetsministesch iwwerdeems wëll d’Diskriminatioun beim Bluttspenden nach dës Legislatur ofschafen.
Iwwregens:
Haut scho kënne Männer, déi Sex mat Männer hunn, Blutt-Plasma spenden. De Plasma kann am Géigesaz zu roude Bluttkierpercher a Plaquetten agefruer an zu engem spéideren Zäitpunkt nach emol getest ginn. Grad beim HIV ass dat sënnvoll, well de Virus sech och réischt méi spéit am Blutt weise kann.