Zu Ettelbréck hunn d'Aarbechten un der Unterfürung op der Gare ugefaangen. Och d'Plënneraktioun vun der Aral-Tankstell gëtt konkret.

Zanter Mee 2017 gëtt am Ettelbrécker Garer Quartier geschafft. Geschwat gouf iwwert dee fir d'Bauerestad risege Projet schonn eng gutt Zäit virdrun. Am Dezember 2014 hat d'Chamber dat entspriechend Gesetz schliisslech ugeholl, deemools ware 5 Joer Bauzäit virgesinn. Ma elo sinn et scho 6 Joer, datt d'Baggeren, mat Ënnerbriechungen, am Asaz sinn an dat dierft nach eng Zäitche sou bleiwen. Stand haut gëtt mat engem Ofschloss vun den Aarbechten am Joer 2027, also 10 Joer no hirem Ufank, gerechent. D'Käschte sollte sech ufanks op 156,5 Milliounen Euro belafen, mee 2020 musst d'Chamber wéinst diversen Imprevisibilitéiten een zweete Gesetzesprojet mat enger zousätzlecher Budgetsenveloppe an Héicht vun 20 Milliounen Euro stëmmen.

Dëse Mäerz ass de Chantier iwwerdeems an déi nächste Phas agetrueden. Aktuell lafen d'Aarbechten um Tunnel, deen ënnert där zukünfteger Gare duerchféiere soll. Wärend déi eng Entrée respektiv Sortie do wäert sinn, wou aktuell am Agank vun Ettelbréck nach d'Aral-Tankstell steet, ass deen anere Schluss op Héicht vum Parking Waark an der Säitestrooss, déi parallel zu de Schinne verleeft a wou bis viru Kuerzem nach d'Busser hale konnten, äert se op deen eigentleche Busquai gefuer sinn. Op dëser Plaz hu rezent d'Aarbechte  ugefaangen, sou datt dës Strooss fir den Trafic gespaart ass.

RTL

© Marc Hoscheid

Op engem ronn 100 Meter laangem Deelstéck ginn op béide Säite vun der Strooss stole Pottoen an de Buedem gedriwwen. Dës Aarbechte wäerte ronn een halleft Joer daueren. Do wou bis Mëtt d'lescht Joer nach déi fréier Gare stoung, gesäit een haut Baggeren. An engem nächste Schrëtt wäerten och op deem Areal op béide Säite vum Tunnel Pottoen an de Buedem gedriwwe ginn. Hei gëtt no an no eng Bëtongsplack driwwer gegoss. Dat gëtt de Plaffong vum Tunnel, dee spéider och déi geplangte Jugendherberg an déi nei Gare droe muss. D'Aarbechte laanscht d'Schinne solle bis Enn 2025 ofgeschloss sinn. Mëtt vun deem Joer sollen de Bau vun der Jugendherberge mat hire ronn 120 Better an deem neien administrative Komplex ufänken. Enn 2025 fänken dann d'Aarbechten um neie P&R-Parkhaus mat senge 400 Stellplazen un, et entsteet zudeem eng nei Busgare. Mëtt 2026 soll d'Unterfürung fir den Trafic opgoen. Dee Moment gëtt dann d'Rue Prince Henri op deem Deel tëscht der Waark an der Gare zu engem Shared Space ëmgebaut ginn, deen dem ëffentlechen Transport virbehale bleift.

Am Fong war ursprénglech geplangt, datt d'Aarbechten um Tunnel um aneren Enn, also do wou haut nach d'Aral-Tankstell steet, ufänke sollten.

RTL

© Marc Hoscheid

Well sech en Cours de route ëmentscheet gouf, sinn zu Ettelbréck scho Rumeuren zirkuléiert, datt et Probleemer mat der Geneemegungsprozedur fir eng Tankstell beim Rond-point op där anerer Säit vun der neier Pattonbréck gëtt. Op Nofro bei Aral ass et d'Äntwert vum Romain Hoffmann, Administrateur délégué vum Grupp zu Lëtzebuerg, datt hien net wéisst, wou de Planning vum Tunnel drun ass. D'Tankstell wier esou laang op, bis déi nei operationell ass. Dat dierft an der zweeter Hallschent vum Joer 2024 de Fall sinn. Den Dossier dierft dann och deemnächst konkret ginn, dem Claude Gleis, Buergermeeschter vun der Gemeng Ierpeldeng-Sauer, op där hirem Territoire déi nei Tankstell realiséiert gëtt, no wäert de "PAP Aral" elo kuerzfristeg a Prozedur goen. De But wier, datt d'Aarbechten d'nächst Joer lassginn.