Zënter dem Ufank vum Krich an der Ukrain si bal 5,5 Millioune Mënsche vun do Richtung EU fortgelaf. Déi allermeescht vun hinne si Fraen a Kanner.

Si lafen d'Gefor, an d'Hänn vu Mënschenhändler ze geroden. An der Lutte géint Mënschenhandel ass d'Diane Schmitt europäesch Coordinatrice. Se war an der parlamentarescher Justizkommissioun an huet d'Deputéiert iwwert déi verschidde Facettë vum Mënschenhandel informéiert. Dat geet vu Prostitutioun iwwert forcéiert Schaffe bis zum organiséierten Heeschen. Ee Milliardegeschäft, dat de Käpp vun de Reseauen eleng bei der Prostitutioun pro Joer 13 Milliarden Euro erabréngt.

Et muss an enger éischter Phas méi sensibiliséiert ginn, fir d'Affer vum Mënschenhandel ze identifizéieren, esou d'Diane Schmitt. An déi Leit brauchen dacks Protektioun. Net ze vergiessen, d'Leit, déi d'Fiedem zéien, ze bestrofen.

D'Diane Schmitt

"Den 3. Aspekt ass "d'Coopération policière a judiciaire" déi ganz wichteg ass. Déi gëtt vun der europäescher Unioun koordinéiert. Si ass wichteg, fir dass déi Verdächteg festgeluecht kënne ginn a Strofe kréien. Bei de Strofen an de Poursuitte kann e bësse méi gemaach ginn, well wann d'Strofen net héich genuch sinn, ass et de Risiko, dass déi Kriminell weider hiert Geschäft maachen"

Et geet wéi gesot ëm Milliarden, net just bei der Prostitutioun, mee heiheem verstäerkt bei Zwangsaarbecht oder nach dem Heeschen. Heeschen, e Sujet, dee besonnesch elo virun de Gemengewalen nees aktuell ginn ass. De Charel Margue vun déi Gréng a President vun der Justizkommissioun seet, dass mir mat den Heescherten nëmmen d'Spëtzt vum Äisbierg gesinn, hannert deem sech international Organisatioune verstoppen, déi Milliarde maachen.

De Charel Margue

Vill Gedeessems ze maachen op engem lokale Plang op engem Gemengeplang, bréngt schlussendlech net vill, bréngt vill Onrou. Natierlech ass eng kriminell Organisatioun, eng kriminell Band derhannert. Et ass ee komplizéiert Feld, ass eng leideg Geschicht. De gréisste Problem sinn d'Affer, déi do sëtzen an net mir aner, déi do laanscht ginn"

D'Äntwert misst also iwwert dat Kommunaalt a souguer dat Nationaalt erausgoen.

RTL

© EU/dbcreation

Schreiwes vum Justizministère

Entrevue de Sam Tanson avec Diane Schmitt, coordinatrice européenne de la lutte contre la traite des êtres humains, et le comité de suivi de la lutte contre la traite des êtres humains (24.03.2023)
Communiqué par : ministère de la Justice

La ministre de la Justice, Sam Tanson, a eu l'occasion de rencontrer Diane Schmitt, coordinatrice européenne de la lutte contre la traite des êtres humains, ainsi que les membres du comité de suivi de la lutte contre la traite des êtres humains.

Les sujets de l'entrevue étaient les formes de traite les plus répandues dans les pays de l'Union européenne, la prise en charge des victimes de la traite dans l'Union européenne, les poursuites et sanctions effectives des auteurs ainsi que la nouvelle proposition de directive européenne visant à renforcer la répression de la traite.

La ministre de la Justice a souligné: «Le comité de suivi de la lutte contre la traite − et plus généralement nous en tant que gouvernement − sommes attachés à continuer nos efforts conjoints pour améliorer la lutte contre la traite des êtres humains qui est une forme de criminalité très particulière qui nécessite des mesures spécifiques.» Dans ce contexte, des campagnes de sensibilisation et d'information destinées au grand public, mais également aux victimes de la traite sont menées. En plus d'informer, l'objectif est aussi d'encourager les victimes de la traite à porter plainte.