Affär Bianka Bisdorff
Mamm muss an de Prisong

© RTL Archiv
An der Affär ronderëm de verschwonnene Puppelchen ass d'Mamm net an Appell gaangen, domat ass d'Urteel rechtskräfteg, si muss 30 Joer an de Prisong.
30 Joer feste Prisong ass d'Strof, déi d'Riichter géint d'Mamm vum Bianka, dat zanter Juli 2015 als vermësst gëllt, gesprach hunn. Domadder hat d'Geriicht eng Strof verhaangen, déi duebel esou héich war, ewéi déi, déi vum Parquet gefuerdert gouf. De Parquet huet op Nofro matgedeelt, dass an der Affär Bianka Bisdorff d'Mamm net an Appell gaangen ass an doduerch d'Urteel rechtskräfteg ass. D'Mamm kritt déi Zäit, déi se an Untersuchungshaft souz, awer ugerechent.
Am meeschte gelies