D'Funktioun vum Direkter soll am Syndikatsgesetz stoen

De President vun der Associatioun vun den industrielle Syndikater Roland Schaack wëll d'Mëssstänn beim SIGI net kommentéieren.
Wéi hien am Interview mat RTL sot, géif et him un Detailer feelen, fir sech zu den Accusatiounen ze positionéieren. Eng kloer Positioun a Fuerderungen huet d'ALID allerdéngs, wat d'Kompetenze bei de Gemengesyndikater ugeet. D'Faass wier voll an et kéint een net méi sou weiderschaffen. D'Syndikater hunn hir Statuten, an deenen den Direkter als Haaptpersoun designéiert ass, déi den Alldag geréiere soll. Am Syndikatsgesetz, dat um Gemengegesetz baséiert, gëtt den Direkter allerdéngs net ernimmt. De Roland Schaack schwätzt vun engem Kompetenzwirrwarr. "Dann hu mer de Statut vum Gemengefonctionaire, deen den Direkter erëm kennt, mä em keng Attributioun gëtt. Am Alldag wësse mir also net wou d'Grenz tëscht dem Legalem an Illegalem ass."
Zanter Enn 2019 mécht d'ALID schonn op d'Problematik opmierksam. Esou hat d'Associatioun en Debat an der Chamber an Diskussioune mat de Parteien organiséiert an zwou parlamentaresch Froe gestallt.
De Konsens war ëmmer den nämmlechten: "Hei muss direkt gehandelt ginn, dat do kann net sou weidergoen! An awer sti mer lo do, no Joren, an hunn nach ëmmer näischt um Pabeier."
D'Associatioun vun den industrielle Syndikater huet Propose fir eng Reform vum Syndikatsgesetz ausgeschafft an e puer kloer Fuerderungen. Dorënner eben, datt d'Funktioun vum Direkter am Gesetz steet:
"Mir wëllen e Presenzrecht am Büro an am Comité, eng Voie consultative an, datt mer eng Delegatioun kënne kréien."
E grousst Virbild wier de CGDIS, deen ee mat enger Struktur wéi hirer kéint vergläichen, sot de Roland Schaack. Dofir wier et fir d'ALID net ze verstoen, wisou d'industriell Syndikater net en änlecht Gesetz kéinte kréien.