En Dënschdeg gouf géint 16.30 Auer eng Weltkrichsgranat zu Iechternach net wäit vum Tennisfeld un der Sauer fonnt a vun Experte kontrolléiert gesprengt.

D'Ëmgéigend gouf vun der Police groussraimeg gespaart, éier d'Granat vum Service de Deminage vun der Arméi stabiliséiert an oftransportéiert gouf.

Kuerz no 19.10 Auer gouf d'Granat aus dem Zweete Weltkrich kontrolléiert gesprengt.