Käerjenger Gemengerot verwërft nei Variant vu Contournement

Déi nei Variant fir e Contournement zu Käerjeng, déi déi gréng Ministere Bausch a Welfring virgeschloen hunn, ass vum Gemengerot eestëmmeg verworf ginn.
An der neier Variant fir de Contournement war en Tunnel ënnert dem Bobësch virgesinn, deen Aktiviste wëlle schützen.
Wéi de Käerjenger Buergermeeschter an CSV-Deputéierte Michel Wolter en Donneschdeg de Moie per Communiqué matdeele gelooss hunn, huet d'Gemeng sech no der Presentatioun vum neie Projet juristesch berode gelooss.
D'Konklusioun wier, datt sämtlech Etüde missten nei gemaach ginn, wouduerch een nees Joren Zäit géing verléieren. Eleng d'Etüde kéinte bis zu 5 Joer an Usproch huelen. Donieft wier déi technesch Faisabilitéit vum Projet iwwerhaapt nach net erwisen. An et misst en neit Gesetz gestëmmt ginn, well en Tunnel méi deier wier ewéi den urspréngleche Projet. Dem Faass de Buedem ausgeschloen, huet dunn awer eng weider Nouvelle, esou de Käerjenger Buergermeeschter Michel Wolter:
"Dass den Dossier elo weidergeet un d'Ministesch vum Environnement, dat ass een neit Element. Dat si mer e Freiden eréischt gewuer ginn. Et war ëmmer gesot ginn, dass ee wuel géif mam Dossier virufueren, mä et ass net gesot ginn, dass den Dossier elo bei den Environnement géif goen. Dat ass een neit Element a léist eis elo hoffen, dass innerhalb vun den nächsten 3 Méint den Dossier kann ofgeschloss ginn. Dat heescht, dass mer vun e Freiden un an enger Situatioun sinn, wou kloer ass, dass déi nei Propositioun net kann ëmgesat ginn an, dass et nëmmen nach eng Alternativ gëtt, an dat ass déi d'Prozedur, déi elo am Lafen ass säit siwe Joer ofzeschléissen.“
A wann déi Prozedur op Basis vum Gesetz vun 2018 bis ofgeschloss ass, soll endlech d'Ausschreiwung sinn an da gebaut ginn, esou de Käerjenger Buergermeeschter.
D'Gemeng Käerjeng fuerdert d’Ministeren op, déi aktuell Prozedur ofzeschléissen. De Gemengerot hätt nämlech matgedeelt kritt, datt de Mobilitéitsminister all d'Ënnerlagen am Zesummenhang mat den Ëmweltstudien der Ëmweltministesch Joelle Welfring dës Woch nach géing weiderleeden. Mat hirer Ënnerschrëft kéint d’Prozedur ofgeschloss ginn an d’Aarbechte kéinten ufänken, sou de Käerjenger Gemengerot.