Aktuell besetzen 1.910 Pompjeeën d'Ambulanzen

Dës deele sech op 360 Professioneller an 1.550 Benevoller op, déi am Volet ambulancier vum CGDIS aktiv sinn.
A 17 vun dësen Zentere gi méi wéi 3 Ambulanzen-Asätz pro Dag gefuer, déi meescht natierlech vum Stater CIS mat enger Moyenne vun 60 Asätz den Dag.
Zu Esch fueren d'Ambulanzen zum Beispill ronn 24 Mol den Dag eraus, an der Nordstad an zu Suessem/Déifferdeng sinn et allkéiers 17 Asätz, déi an der Moyenne d'Secouristen ze leeschten hunn.
Am mannste sollicitéiert sinn d'Ambulanzen am Norden an am Osten: sou sinn et zum Beispill zu Wolz, an der Fiels, zu Jonglënster a Clierf nëmme ronn 4-5 Ambulanze-Sortien an der Moyenne den Dag.
An deenen Zentre sinn natierlech Pompjeeën a Secouristen am Asaz: där ginn et aktuell 360 Professioneller an eng 1.550 forméiert Benevoller.
Den Zenter mat de meeschte fräiwëllege Pompjeeën ass dee vun der Nordstad mat engen 160 Leit virun Iechternach (119) an Diddeleng (113).
Ob d'Zuele vun de Benevollen an den Interventiounszentre vum CGDIS aktuell duerginn, fir all d'Rettungsasätz kënnen z'assuméieren, preziséiert d'Inneministesch Taina Bofferding an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun déi Gréng net.
Do waren et d'Deputéiert Marc Hansen a Jessie Thill, déi d'Problematik opgeworf hätten, well se gewuer gi waren, datt et am Minett an CIS-Zentren (Péiteng an Déifferdeng) personell Enkpäss géife bestoen.
Am Ganze ginn et zu Lëtzebuerg 97 Asazzenteren, an deenen 3.346 aktiv fräiwëllege Pompjeeën hiren Déngscht leeschten. Déi gi vu 552 professionelle Pompjeeën ënnerstëtzt.