Besoine vu Clientë vum SIGI net mat deene vum CTIE ze vergläichen

De Gemengesyndikat SIGI ass dogéint, ganz an de staatlechen Informateschen Zenter CTIE integréiert ze ginn.
Dat äntweren d’Vizepresidentin vum SIGI Josiane Di Bartolomeo-Ries an d’Sekretärin e Mëttwoch op e Bréif vum Digitaliséierungsminister Marc Hansen.
Esou eng Integratioun wier net am Interêt vun de Gemengen, well d’Besoine vun de Clientë vum SIGI a vum CTIE net ze vergläiche wieren. Allerdéngs wier een oppen, fir eng méi enk Zesummenaarbecht am Beräich vun der Digitaliséierung, sou déi Responsabel vum SIGI.
De Gemengesyndikat, dee fir d’informatesch Gestioun vun de Gemengen zoustänneg ass, hätt och onofhängeg Analysen iwwert d’Gestioun vun de Ressources Humaines, d’finanziell Gestioun an d’Zefriddenheet vun de Clientë gemaach. Entspriechend Verbesserunge géingen elo ënnerholl ginn.
D’Direktioun vum SIGI seet, se hätt och d’Ënnerstëtzung vun de Personaldelegatiounen. D'Personaldelegatioune weisen dëst awer géintiwwer RTL zréck.