No engem versichten Abroch géint 10.15 Auer zu Bruechtebaach am Huppeneck ass de presuméierten Abriecher a Richtung Bësch geflücht.

D'Police huet eng Sich nom Mann, dee schwaarz ugedoen ass, lancéiert. All Hiweiser oder verdächteg Persoune sollen um 113 gemellt ginn.

Am Nomëtteg huet d'Police matgedeelt, dass de Mann net konnt gefaasst ginn. Ermëttlunge goufen an d'Weeër geleet.