Verschidde Projete vun der SNHBM hunn zolitte Retard

© Archiv
Zu Lëtzebuerg feelt et un abordabelem Wunnraum. Dat soll ënnert anerem d'SNHBM änneren. Ma verschidde Projete loossen deels laang op sech waarden.
Am Fong gesäit d'Appartementshaus an der Rue Anne Beffort um Kierchbierg sou aus, wéi wann an e puer Deeg Leit eraplënnere kéinten.
An deem Zoustand befënnt sech d'Gebai schonn zanter e puer Méint, ouni datt dat geschitt ass. Ufank Februar hate Leit, déi an der Noperschaft wunnen, sech bei RTL gemellt, fir dorop opmierksam ze maachen, datt an der Rue Anne Beffort bei der Primärschoul 35-45 nei gebaute Wunnenge vun der Société nationale des habitations à bon marché zanter sechs Méint eidel stoe géingen. Virum Hannergrond vun der Diskussioun iwwert d'Wunnengsnout géif dat Froen opwerfen.
Doropshin hu mir den Direkter vun der SNHBM, de Guy Entringer, op de Projet ugeschwat. D'Äntwert war deemools, datt déi leschten Aarbechten amgaange wieren. Ma och knapp zwee Méint méi spéit schéngt d'Situatioun nach déi selwecht ze sinn. Bei engem rezente Bléck duerch d'Fënstere ware grad emol zwee Aarbechter um Rez-de-chaussée ze entdecken. Dofir schénge virun der Entrée Leit Géigestänn ze entsuergen, déi se net méi brauchen.
RTL gouf eng weider Kéier vu Nopere kontaktéiert. Ënnert de Noperen geet d'Gerücht ëm, datt et Feeler bei der Planung vum Gebai goufen. Ass deem sou? Dat wollte mer bei der SNHBM nofroen, awer bis elo krute mer nach keng Reaktioun op eis Ufro.
Reaktioun vum Guy Entringer
E Freidegmoien huet den SNHBM-Direkter Guy Entringer reagéiert. Hie weist d'Gerücht, datt et Problemer bei der Planung vum Gebai goufen, formell zeréck. Et wier ee par Konter gutt duerch de Projet komm. Et misst just nach d'Sécherheetskontroll vum Parking sous-terrain gemaach ginn. Dëst dierft viraussiichtlech Mëtt Abrëll de Fall sinn. Onofhängeg dovu wieren awer schonn déi éischt potenziell Locataire kontaktéiert ginn, wéini si an d'Gebai plënneren, géing dervun ofhänke wéi eng Kënnegungsfriste si an hiren aktuelle Kontrakter stoen hunn.
Projet vun Dikrecher Cité militaire huet véier Joer Retard
Och bei engem SNHBM-Projet méi héich am Norde vum Land geet et net sou richteg virun. Méi genee zu Dikrech an der fréierer Cité militaire. Am Juli 2018 hat de Guy Entringer zesumme mam deemolege Logementsminister Marc Hansen an dem fréieren Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen am Wunnengsbauministère um Kierchbierg hir Visioun fir d'Zukunft presentéiert.

© WW+
Bis 2022 sollten hei 180 Wunnengen, Büroen, Akafsflächen a Méiglechkeete seng Fräizäit ze verbréngen, entstoen. Een Drëttel vun de Wunnenge sollt um fräie Marché ugebuede ginn, dat mat engem Bail emphyteotique vu 99 Joer. Déi aner zwee Drëttel sollten der Locatioun virbehale bleiwen. Ënnerschiddlech gréissten a Präisser sollten ee méiglechst grousse soziale Mix garantéieren. Duerch ee Parkhaus fir 350 Gefierer, dat an der Rue Alexis Heck gebaut sollt ginn, wier den neie Quartier autofräi.
E puer Woche méi spéit gouf de Plan d'aménagement général (PAG) am Dikrecher Gemengerot ugeholl. Am Fréijoer 2019 sollten déi al Gebaier ofgerappt a mam Bau vun de Stroossen ugefaange ginn. Fir dës Aarbechte war knapp ee Joer ageplangt, sou datt Ufank 2020 de Bau vun den neie Gebaier ulafe sollt. Enn 2022 sollten déi éischt Leit an hier nei Doheemer plënneren. De Guy Entringer hat den Zäitplang deemools als äusserst ambitionéiert awer duerchaus realistesch bezeechent. Mat deem éischten Deel vum Saz sollt hie Recht behalen. Well net grad fënnef Joer méi spéit, a véier Joer nodeems mam Ofrappe vun den ale Gebaier sollt ugefaange ginn, sti se nach ëmmer, och wann et sou ausgesäit, wéi wa sech dat deemnächst änneren dierft.
Firwat huet sech d'Ofrappen esou verzögert? A wat fir enger Form goufen d'Gebaier an där Zäit nach genotzt? Wéi gesäit deen neien Zäitplang aus? Wou ass de Projet vun engem neien administrative Gebai fir d'Arméi zu Ettelbréck drun? Dat wollte mir Ufank Mäerz vun der SNHBM an der Arméi wëssen. Mir krute Merci fir eisen Interessi gesot a goufen op eng Pressekonferenz an der zweeter Hallschent vum Abrëll verwisen.
*An der ursprénglecher Versioun vun dësem Artikel war d'Reaktioun vum SNHBM-Direkter Guy Entringer nach net enthalen.