Am Mee 2021 hat e Mann zu Bäreldeng seng deemoleg Partnerin aus Jalousie geschloen an aus enger Fënster gestouss. En Donneschdeg gouf d'Urteel gesprach.

De Mann huet e Sträit zougi gehat an och, datt hien d'Fra geschloen a mat engem Messer menacéiert hätt. Ma hien hätt seng deemoleg Partnerin net aus der Fënster gestouss, si wier selwer gesprongen, wéi de Mann behaapt.

D'Affer gouf deemools uerg blesséiert an deels geläämt, esou datt d'Fra am Rollstull sëtzt.

Hire fréiere Partner gouf elo, zwee Joer méi spéit, vum Stater Geriicht zu enger Prisongsstrof vun 12 Joer mat Geldstrof an Héicht vu 5.000 Euro verurteelt. Doriwwer eraus muss de Mann och 70.000 Euro Schuedenersatz un d'Fra an hir Kanner bezuelen. D'Geriicht nennt allerdéngs nach en Expert, fir eng méiglechst gerecht Zomm ze definéieren, déi d'Affer ze gutt huet.

De Reproche vum versichten Doudschlag gouf allerdéngs net zréckbehalen.

All Parteien hu 40 Deeg Zäit, fir an Appell ze goen.