E Mëttwoch den Owend géint 22 Auer gouf d'Police op eng Kläpperei tëscht méi Persoune virun engem Bistro op der Place du Marché zu Péiteng geruff.

Wéi d'Beamten op d'Plaz koumen, hu si eng Persoun ugetraff, déi mat Schnëttverletzungen um Buedem louch. Dowéinst goufen och d'Rettungsekippen alarméiert. De schwéier blesséierte Mann gouf vun de Polizisten, bis d'Ekippe vum CGDIS op der Plaz waren, versuergt. Dono koum de Mann an d'Spidol.

Direkt am Uschloss gouf no de presuméierten Täter, déi mat engem Auto geflücht waren, gesicht, dat mat méi Policepatrullen. De Won mat véier Leit dran, déi alles probéiert hunn, fir fortzekommen, konnt zu Esch um Boulevard Grand-Duchesse Charlotte an engem Chantier gestoppt ginn. Dono wollten d'Täter zu Fouss fortlafen, Beamte konnte si awer afänken.

De Parquet gouf informéiert an huet déi véier presuméiert Täter verhafte gelooss. En Donneschdeg de Moien hate si dunn e Rendez-vous beim Untersuchungsriichter.