Mäerter Hafen
Eng Persoun bei Kollisioun tëscht Camion an Auto blesséiert

De CGDIS mellt um Freideg een Accident am Mäerterter Hafen, bei deem e Camion an en Auto net laanschtenee koumen an en accidentéiert Gefier zu Keel.
Am Hafen zu Mäertert hat et kuerz viru 7 Auer tëscht engem Auto an engem Camion geknuppt. Hei gouf eng Persoun blesséiert a vun de Rettungsdéngschter vu Mäertert versuergt.
Zu Keel an der Diddelenger Strooss koum et géint 10.24 Auer zu engem weideren Accident mat engem Blesséierten. Am Asaz waren d'Pompjeeë vu Keel an Diddeleng, grad ewéi de Samu aus der Stad an d'Ambulanciere vun Esch.
Am meeschte gelies