A punkto Aarbechtszäitreegelung fuerdert d'CGFP e Mëttwoch an engem Communiqué eng ganz Rei Verbesserungen um Gesetzprojet.

Bis ewell géing am Text stoen, dass den zoustännegen Aarbechtsminister d'Autoritéit soll kréien, fir an enger Rei Fäll d'Erlabnis ze ginn, fir dierfe vun der normaler Aarbechtszäit ofzewäichen. D'Staatsbeamtegewerkschaft fuerdert awer, dass dat misst iwwer groussherzoglech Reglementer festgehale ginn.

Am Text géing och stoen, de Minister kéint déi maximal Aarbechtszäit fir e bestëmmten oder onlimitéierten Zäitraum vun 10 op 12,5 Stonnen hiewen. Domadder ass d'CGFP net d'accord. Et wéilt een der Regierung kee Blanko-Scheck ginn – och dofir bräicht et een Règlement grand-ducal an een Avis vum Staatsrot.

Donieft misst een dofir suergen, dass d'Aarbechtszäitreegelung an allen ëffentlechen Ariichtungen a parastaatleche Betriber ëmgesat gëtt. Och an der Arméi, sou fuerdert et d'CGFP.