An enger Serie presentéiere mir déi Buergermeeschteren aus de Proporzgemengen, déi net méi untrieden. Den Optakt mécht de Jean-Paul Jost vu Schëtter.

Wann den 11. Juni Kommunalwale sinn, triede vun deenen 102 Buergermeeschteren der 24 net méi un. Siwen dovunner aus Proporzgemengen. An enger Serie presentéiere mir déi Politiker, déi aktuell nach un der Spëtzt vun enger Proporzgemeng stinn, awer net méi mat an d'Course ëm Wielerstëmme ginn. Den Ufank mécht de Jeau-Paul Jost. Dëse war zwar "nëmme" sechs Joer Buergermeeschter an der Zentrumsgemeng Schëtter, ma kann awer op eng grouss Erfarung an der Lokalpolitik zeréckkucken.

Serie politesch Pensioun amplaz Walkampf: Jean-Paul Jost (1. Deel)

1983 hat de Jean-Paul Jost nämlech ugefaangen als Gemengesekretär ze schaffen. Fir d'éischt zu Schëtter, méi spéit zu Mamer. 2011 gouf hie Schäffen zu Schëtter an enger Koalitioun tëscht der DP an der Biergerlëscht "Schëtter Bierger". 2017 huet hien dunn de Poste vum Buergermeeschter iwwerholl, dat nodeems d'Schëtter Bierger sech mat der LSAP an deene Gréngen eens gi waren. Ma no enger Legislatur stellt sech de Jean-Paul Jost net méi de Wieler, et misst ee wëssen, wéini Schluss ass.

"Ech kréien dëst Joer 63 Joer, do geet ee jo normalerweis och op der Aarbecht an d'Pensioun. De Poste vum Buergermeeschter ass ee Vollzäitjob, et ass ee 24 Stonnen den Dag a siwen Deeg an der Woch Buergermeeschter. Et huet een och eng Responsabilitéit, zu Schëtter hu mer jo awer trotzdeem iwwer 50 Beamten, ouni d'Schoul an d'Maison relais, ee Budget vun 20 Milliounen ordinaire a 15 Milliounen extraordinaire. Dat ass awer scho vill Aarbecht, déi een net einfach niewelaanscht ka maachen."

RTL

© Marc Hoscheid

Hie géing ophalen, fir Jonke Plaz ze maachen a wéilt net just mat an d'Wale goen, fir Stëmmen ze fänken. Bei der Fro no sengem wichtegste Projet nennt de Jean-Paul Jost den neie PAG, un deem een 30 Joer geschafft hätt. Elo hätt een e modernt Planungsinstrument, dat an dat 21. Joerhonnert passe géing. Déi gréissten Erausfuerderung wier awer eng aner gewiescht.

"Déi gréissten Erausfuerderung war fir mech, ee propperen a flotten Ëmgank ënnert eis als Politiker, zesumme Projeten ausschaffen, zesummen ofseenen, fir datt se och nach Bestand hunn no dëser Legislaturperiod. Ech hunn a menger Karriär ganz vill Gestreits a Gestëppels matgemaach an der Politik, dacks ass de Mann gespillt ginn amplaz de Ball. An ech menge mir hunn et gutt fäerdeg bruecht, iwwert déi lescht sechs Joer zu Schëtter zesummenzeschaffen."

Fir d'Zukunft géing hie sech wënschen, datt Schëtter esou eng flott Gemeng géing bleiwen. Grouss Projete wieren ënnert anerem de Reamenagement vum Zentrum vu Schëtter, den Ausbau vum Schoulcampus zu Mënsbech an de Bau vun engem Recyclingspark. Wat d'Walen ugeet, kann de Jean-Paul Jost d'Leit nëmmen encouragéieren, sech op Gemengenniveau ze engagéieren. Et wier eng elementar Form vun der Biergerbedeelegung an et kéint ee wierklech eppes um Terrain beweegen.

Eng Uertschaft aus der Gemeng Schëtter ass de Leit queesch duerch d'Land ee Begrëff, an zwar Schraasseg; dat wéinst dem Prisong. Et ass eng Infrastruktur, déi néideg ass, an awer géingen haut wuel déi mannst Gemengeresponsabel d'Hand hiewen, wann eng Plaz fir een neie Prisong gesicht géing ginn. De Jean-Paul Jost war scho Gemengebeamten, wéi de Prisong seng Dieren am Joer 1984 opgemaach huet. Och wann et am Ufank bei de Leit e puer Bedenke ginn hätt, virun allem wéinst dem Ofwaasser, hätt een als Gemeng ni ee Problem mat der Infrastruktur gehat, och net mat Prisonéier, déi fortgelaf wieren. "Mir hunn natierlech de Virdeel, wann een aus dem Prisong fortrennt, da rennt ee fort, da si mir se lass, well et bleift keen zu Schëtter sëtzen", mengt de Jean-Paul Jost mat engem Schmunzelen. Ma well verschidde Prisonéier och mol méi laang zu Schraasseg sinn, kéim et och alt mol zu Hochzäiten am Prisong, wou d'Gemeng da rëm am Coup wier.