Déi Dikrecher DP gleeft net méi un eng Fusioun vun de fënnef Gemengen a bréngt méi kleng Fusiounen als Alternativ an d'Spill. Dat suergt fir Reaktiounen.

Zanter Joerzéngte gëtt iwwert d'Fusioun vun de Nordstadgemengen diskutéiert. Déi lescht Legislaturperiod hate sech d'Schäfferéit vu Bettenduerf, Dikrech, Ettelbréck, Ierpeldeng-Sauer a Schieren openeen zoubeweegt, wann een och duerch d'Corona-Pandemie ausgebremst gouf. Ma elo am Gemengewalkampf torpedéiert déi Dikrecher DP de Projet.

Gemengewalen: DP-Dikrech zielt Nordstadfusioun un

An dat en Dënschdeg bei enger Wal-Emissioun vun de Kolleege vum "Radio 100,7". Den DP-Conseiller a Co-Spëtzekandidat José Lopes huet kloer gemaach, datt eng Fusioun zu fënnef Gemenge fir déi Dikrecher Sektioun vun de Liberale keng Prioritéit méi huet. Et géing keng wierklech Plus-value fir d'Bierger. Méi kleng Fusiounen als Tësche-Schrëtt wiere besser.

Den Ettelbrécker Buergermeeschter Jean-Paul Schaaf gesäit dat anescht.

"Ech gesi lo net, datt mer nach solle Jore verléieren. Mir si laang amgaangen, 2006 war déi éischt Konventioun vun der Zesummenaarbecht, dat ass awer lo schonn eng Zäitchen hier.  Et wier lo wierklech un der Zäit fir ze soen, mir huelen eng Decisioun. Och wann et nee wier, de Referendum ass jo d'Meenung vun de Bierger."

Hie strieft am Idealfall ee Referendum an deenen nächsten zwee Joer un. Och de Claude Gleis, Buergermeeschter vun Ierpeldeng-Sauer, wëll weider an éischter Linn eng Fusioun zu fënnef. Ob ee Referendum an zwee Joer realistesch ass, stéing awer op engem anere Blat.

"D'Leit, virun allem an deene klenge Gemengen, sinn nach net prett an do hu mer nach Aarbecht ze maachen. Mir musse mat konkrete Projete kommen, mir mussen dat doten alles ganz genee plangen. Lo verléiere mer duerch déi Wale rëm een halleft Joer. Ech denken, zwee Joer, dat ass sportlech. Mir wäerten et probéieren, mee wann dat lo e bëssi méi laang dauert, ass dat fir mech kee Beebroch."

Och de Schierener Buergermeeschter Eric Thill wëll déi kleng Gemenge mathuelen.

 "De Projet muss sou opgestallt ginn, datt et dono eng reell Plus-value ass fir de Bierger. An dat ganz kloer och, fir d'Bierger aus deene klenge Gemengen, soen ech lo mol. An do gesäit een dann de Moment, mat deene verschiddene Walprogrammer awer och an de Majorzgemengen, wéi sech dann ebe lo verschidde Kandidaten, Lëschten, dozou positionéieren, dat fannen ech ganz interessant."

Déi aktuell Buergermeeschtesch vu Bettenduerf, Pascale Hansen, geet den 11. Juni net méi mat an d'Walen. De José Lopes huet zwar net preziséiert, wéi déi méi kleng Fusioune sollen ausgesinn, ma fir Dikrech kéint dat op een Zesummeschloss mat Bettenduerf erauslafen.