An enger Serie presentéiere mir déi Buergermeeschteren aus de Proporzgemengen, déi net méi untrieden. Haut geet et an den Nordwesten op Rammerech.

Wann d'Bierger den 11. Juni zu Rammerech wiele ginn, steet den Numm vum aktuelle Buergermeeschter Antoine Rodesch net méi um Walziedel. No 18 Joer un der Spëtzt vun der Nordgemeng an 42 Joer am Gemengerot zitt hie sech an déi politesch Pensioun zeréck. De perséinleche Bilan fält op alle Fall positiv aus.

Serie politesch Pensioun amplaz Walkampf: Antoine Rodesch (2. Deel)

"Mission accomplie", esou resuméiert den 68 Joer ale Gemengepapp seng lokalpolitesch Karriär. A senger Zäit als Buergermeeschter sinn den Antoine Rodesch no vill wichteg Projete realiséiert ginn. Beispillsweis d'Erneierung vum komplette Kanalreseau an deene leschte sechs Joer. An där Legislatur virdrun hätt een d'Pompjeeën an d'Protection civile zesummegeluecht. Den Ausbau vun der Zentralschoul wier zudeem een andauernden Defis. Déi gréissten Erausfuerderung hätt awer um tëschemënschleche Niveau geleeën.

RTL

© Marc Hoscheid

"Wa Leit bei ee kommen, déi wierklech Suergen hunn, fir ze kucke fir déi ze léisen, déi kritt een net ëmmer geléist. An et ass net ëmmer einfach de Leit bäizebréngen, datt net alles um kommunalen Niveau geléist ka ginn. Obschonn et een trëfft, kann een et awer net léisen. Fir mech ass dat ëmmer eng schwéier Belaaschtung gewiescht."

Fir d'Zukunft hofft hien, datt sech ëmmer rëm "clever Käpp" fannen, déi d'Gemeng no vir bréngen. Hie géing sech och méi Participatioun vun de Bierger an der Lokalpolitik wënschen: "Et ass liicht Saachen ze kritiséieren, ma et soll ee sech selwer engagéieren an zum Wuel vun de Leit matschaffen". Rammerech ass 1979 aus der Fusioun vu véier Gemengen entstanen, op d'Fro no enger weiderer Fusioun mat anere Gemengen aus dem Kanton Réiden mengt den Antoine Rodesch:

"Also eis Gemeng ass grouss genuch, ech menge mir si bei 8.000 Hektar, dat ass schonn eng relativ grouss Fläch an ech weess net, ob et nach vill Sënn mécht déi ze erweideren. Am Kanton Réiden géinf ech mer vir d'Zukunft wënschen, géing et locker duergoen mat véier Gemengen. Déi aner sinn ëmmer ganz zeréckhalend, mee ech well deene keng Virschrëfte maache wéi se sech an der Zukunft sollen opstellen. Mee ech kéint mer awer ganz gutt virstellen, datt et laangfristeg gesinn nëmme véier Gemenge géif ginn, dat géif gutt duergoen."

Aktuell ginn et 10 Gemengen am Réidener Kanton. No de Wale wäerten et der néng sinn, well Wal a Groussbus fusionéieren. Wat déi politesch Zukunft zu Rammerech betrëfft, hofft den Antoine Rodesch, datt seng CSV déi absolut Majoritéit géint DP an LSAP verdeedege kann. Dat wier net ongesond, et misst een trotzdeem ëmmer op aner Parteie lauschteren an et dierft een net just déi eegen Iddien duerchdrécken.