An enger Serie presentéiere mir déi Buergermeeschteren aus de Proporzgemengen, déi net méi untrieden. Haut geet et an déi gréisste Gemeng, op Wëntger.

Mat ronn 113 Quadratkilometer ass Wëntger déi flächeméisseg gréisste Gemeng vum Grand-Duché. Den 11. Juni musse sech d'Wieler tëscht ADR, CSV, DP an LSAP decidéieren. D'CSV geet dobäi ouni deen aktuelle Buergermeeschter Marcel Thommes an d'Course. Dëse kuckt iwwerdeems zefridden op seng 18 Joer un der Spëtzt vun der Nordgemeng zeréck.

Serie politesch Pensioun amplaz Walkampf: Marcel Thommes (5. Deel)

Am Fong wollt de 64 Joer ale Marcel Thommes, deen 2005 Buergermeeschter gouf, ouni virdrun am Gemengerot gewiescht ze sinn, just fir zwou Legislaturperiode matgoen, ma aus Dankbarkeet géigeniwwer senger Partei huet hie sech 2017 nach eng Kéier de Wieler gestallt. Et wieren eng Rëtsch wichteg Projete realiséiert, respektiv ugefaange ginn, virop de Centre médical mat Apdikt an déi nei Grondschoul. Op deen neie PAG muss een allerdéngs nach waarden, zanter zwee Joer feelt dee leschten Avis vum Inneministère. Déi gréissten Erausfuerderung wier et gewiescht, d'Politik an d'Privatliewen ënnert een Hutt ze kréien.

"Bon, ech menge vun Ufank u war et eng Erausfuerderung, fir d'Gemeng an d'Aarbecht ënnert een Hutt ze kréien. Dat war net ganz einfach, et ass awer eng relativ grouss Gemeng. Wat gutt war, war datt meng Aarbecht net wäit vun der Gemeng ewech war. Ech wunne 15 Minutten dovun ewech, mee insgesamt war et eng Erausfuerderung."

RTL

© Marc Hoscheid

Bei der Fro nom Wonsch d'Zukunft werft de Marcel Thommes fir d'éischt ee kritesche Bléck an d'Vergaangenheet a gesäit a punkto Gemengefinanzen de Staat an der Flicht.

"Bis ewell ass et esou, datt mer do mussen oppassen. Déi Gemengefinanzreform vu viru puer Joer huet eis do och net gehollef. Do ass iergendwou awer eng Solidaritéit verluere gaangen, déi am Land ëmmer méi däitlech do war. Deene groussen Distanzen an deene ville Strukturen an deene ländleche Gemengen ass bei der Ëmverdeelung net méi sou Rechnung gedroe ginn. Ech géing mer wënschen, datt do rëm eppes aneres kéint kommen."

Fir d'Leit zum Matschaffen an der Gemeng ze motivéieren, misst een d'Leit sou vill wéi méiglech mat abannen, hei géingen och d'Parteien eng wichteg Roll spillen.

Eng besonnesch Situatioun huet Wëntger mat Bléck op déi 21 Kierchen, déi der Gemeng gehéieren. Et géingen ëmmer manner Leit an d'Kierch, ma se géingen awer nach all, op mannst periodesch,genotzt. Wéi d'Gebaier längerfristeg genotzt solle ginn, misst nach gekläert ginn. Kuriéis ass d'Tatsaach, datt an der Gemeng Wëntger réischt 2019 Stroossennimm agefouert goufen. Hei hat de Kadaster ee gewëssen Drock gemaach. D'Bierger konnte sech dobäi abréngen an et goufen deels Diskussiounen, sou wollte verschidde Leit net "op der Strooss" wunnen, och d'"Juddegaass" war een Thema. Ma elo wieren d'Leit awer zefridden.