Eng Partie Membere vun der Famill vum fréiere Staatsminister ginn den 11. Juni mat an d'Course. Dobäi ginn et awer nawell politesch Differenzen.

Wann den 11. Juni d'Gemengewale sinn, fanne sech op enger Partie Lëschte Kandidaten, déi matenee Famill sinn. Dat ass am klenge Lëtzebuerg net ongewéinlech. Méi seelen ass et par Konter, datt Membere vun enger Famill an ënnerschiddleche Gemengen an deels esouguer fir verschidde Parteien untrieden. Besonnesch d'Nokomme vum fréiere Staatsminister Pierre Dupong weise sech politesch ganz engagéiert.

Eng schrecklech politesch Famill: D'Famill Dupong mëscht kräfteg bei de Wale mat

1914 war de Pierre Dupong ee vun de Grënnungsmembere vun der Rietspartei a gouf schonn ee Joer méi spéit an d'Chamber gewielt. 1926 war et dunn de Wiessel an d'Regierung, där hie bis zu sengem Doud ugehéiere sollt. Vun 1937 bis 1953 war de Pierre Dupong Lëtzebuerger Staatsminister. Aus der Rietspartei ass am Mäerz 1945 d'CSV ginn. Dem Pierre Dupong säi Jong, de Jean Dupong war vun 1965 bis 1972 President vun der Partei. Doriwwer eraus war hien Deputéierten, Minister a President vum Staatsrot.

Wéinst de chrëschtleche Wäerter bei der CSV

Ma wann och net méi grad sou prominent, ass d'Famill Dupong haut nach ëmmer politesch aktiv. Sou kandidéiert beispillsweis de Lambert Dupong, Enkel vum Pierre an Neveu vum Jean Dupong bei de Gemengewalen op der Stater CSV-Lëscht. Den 53 Joer alen Independant huet 20 Joer an Éisträich gelieft. Nodeems hie rëm zeréck op Lëtzebuerg komm ass, huet e sech dunn decidéiert, anescht wéi säi Papp, politesch aktiv ze ginn. Fir hie war dobäi vun Ufank u kloer, datt just d'CSV a Fro komme géing. Dat awer net wéinst der Verbindung mat der Famill, mee wéinst de Wäerter, fir déi d'Partei steet.

"Mir sinn an enger chrëschtlecher Gesellschaft an natierlech sinn dat och déi chrëschtlech Wäerter, déi ech do sichen. Ech weess, datt wa mer vun der CSV schwätzen, meeschtens ëmmer vun der Relioun geschwat gëtt. Ech maachen do eng Differenz, ee chrëschtleche Wäert huet net onbedéngt eppes mat enger reliéiser Astellung ze dinn."

Hefteg awer sachlech Diskussiounen an der Famill

Als Beispill nennt hien d'Nächsteléift an de Respekt viru senge Matmënschen. Och den Henry De Ron, een Neveu vum Lambert Dupong, ass Kandidat op der Stater CSV-Lëscht. An der Zäit huet hie säi méi jonke Brudder Stephen De Ron mat op Treffe vun der Partei geholl. Ma dee konnt sech awer net mat de Wäerter vun der Partei identifizéieren.

"Fir mech war d'CSV e bëssi ee verstëbste Clibbche vun ale Männer, déi éiweg schonn do sëtzen, wou se sëtzen. A wou een als Jonken, respektiv ech, net richteg wäertgeschat gouf, well fir mech keng Plaz an dem Law and Order war. Theme wéi Ekologie oder Basisdemokratie goufen et bei der CSV um Pabeier, mee se goufen net gelieft."

Dowéinst huet hie sech decidéiert, deene Grénge bäizetrieden, wou hien als Co-Spëtzekandidat zu Hesper mat an d'Course geet. Bei Familljeniesse géif dacks kontrovers a mol méi hefteg iwwert Politik diskutéiert, mee et géif awer ëmmer de Ball an net d'Persoun gespillt. An natierlech géing een den 11. Juni och deene Familljememberen d'Daumen drécken, déi fir eng aner Partei kandidéieren.

Konkurrenz vum sozialistesche Schwoer an der Stad

Et kann ee sech awer d'Fro stellen, wéi intensiv de Lambert Dupong an den Henry De Ron dem Tom Krieps d'Daumen drécken. Hien ass dem Lambert Dupong säi Schwoer a kandidéiert op der Stater-LSAP-Lëscht. Och zu Nidderaanwen kandidéiert ee Familljemember, hei fënnt sech op der CSV-Lëscht den Numm vum Martine Dupong-Kremer, der Schwéiesch vum Lambert Dupong.

Datt een net automatesch mat der Politik ophale muss, wann een net méi Member vun der Famill ass, beweist d'Beispill vum Carolina Thiede. Si ass d'Ex-Fra vum Lambert Dupong a Vize-Presidentin vun der Stater CSV-Sektioun.