Gemengewalen zu Miersch
Feeler beim Verschécke vun den Enveloppë fir d'Bréifwal

© RTL Grafik
En vue vun de Gemengewalen, koum et zu Miersch zu engem Mëssel bei der Bréifwal.
Wéi um Internetsite vun der Zentrumsgemeng ze liesen ass, wier en administrative Feeler beim Apake vun den Enveloppë geschitt. Et gouf vergiess, déi brong Enveloppe, an déi e Walziedel soll drakommen, mat ze verschécken. Dës Enveloppe gëtt elo bannent den nächsten 2 Deeg nogeschéckt.
Déi brong Enveloppe mam Walziedel dran soll dann an déi giel Enveloppe kommen, an dann eréischt zeréckgeschéckt ginn.
Bei Froen soll ee sech beim Mierscher Populatiounsbüro mellen.
Am meeschte gelies