Géint de Kaméidi
Méi staatlech Subventioune fir Gebaier an der Fluch-Schneis vum Findel

© RTL-Archiv
Dat huet d’Ëmweltministesch Joëlle Welfring e Mëttwoch an der zoustänneger Chamberkommissioun confirméiert.
Déi staatlech Subventiounen, wann een säin Haus oder seng Wunneng géint de Fliger-Kaméidi an der Fluch-Schneis vum Findel wëll isoléieren, ginn an d’Luucht gesat.
2.600 Adresse goufen ausgemaach, déi dofir eligibel sinn, dat op Basis vun enger Kaméidis-Kaart. Maximal kritt ee 16.000 Euro fir en Haus, respektiv 8.000 fir en Appartement. Op 10 Joer ass eng Budgets-Enveloppe vun net grad 2,5 Millioune virgesinn.
Am meeschte gelies