Architektebüro Valentiny geet juristesch géint de Schengener Schäfferot vir

An dem Konflikt tëscht dem Architektebüro an der Gemeng geet ëm Diffamatioun an de Reproche vun illegalem Avantagismus.
Wéi op hirer Facebook-Säit ze liesen ass, huet de Büro vum François Valentiny eng Plainte géint d’Membere vum Schäfferot an ee Beamte vum technesche Service vu der Gemeng deposéiert. Vun enger "Citation directe" ass riets.
Ufank Mee hat de Schengener Buergermeeschter de Gemengerot ofstëmme gelooss, ob zwee Kontrakter mam Architektebüro Valentiny solle gekënnegt ginn. Seng Erklärungen do an och bei eis am Interview dono, huet de François Valentiny als ruff-schiedegend empfonnt, an elo Plainte gemaach.
An der Affär geet et ëm Kontrakter beim PAP iwwert en neie Schoulcampus. D'Vuen tëscht Gemeng an Architekt wieren ze wäit ausernee gaangen, seet d’Gemeng.