Botte-Maschinn ausgebrannt

© Image CGDIS via Facebook
Kuerz no 18 Auer hat zu Lénger eng landwirtschaftlech Maschinn, fir Botten ze maachen, Feier gefaangen a fir eng imposant Dampentwécklung gesuergt.
D'Pompjeeën haten d'Feier um Feld tëscht Péiteng a Käerjeng séier ënner Kontroll, wéi de CGDIS an engem Bäitrag op Facebook matdeelt. Hei blouf et awer beim Materialschued.
Alkohol hannert dem Steier
De CGDIS mellt dann nach en Accident en Donneschdeg den Owend kuerz virun 22.30 Auer zu Garnech. An der Rue de Holzem war e Motocyclist gefall, wéi e mat niddreger Vitesse widder den Trottoir gefuer ass. D'Secouriste vu Mamer, Dippech a Koler waren zu Garnech am Asaz, souwéi de Samu-Noutdokter. Well de Chauffer um Policebüro en Alkoholtest verweigert huet, gouf säi Fürerschäin agezunn, sou nach d'Police.
Ëm kuerz no Hallefnuecht gouf der Police op der A3 op Héicht vu Léiweng dann nach ee Chauffer gemellt, deen opfälleg gefuer ass an a Richtung Stad ënnerwee war. Wou d'Beamten de Won ugehalen an de Chauffer kontrolléiert hunn, hu si kloer Zeeche vun ze héijem Alkoholkonsum festgestallt. Een Alkoholtest ass positiv verlaf, esou datt och hei de Fürerschäin agezu gouf.
Op engem Feld beim CR147 zu Kanech huet iwwerdeems ee Chauffer een Tëmpchen hannert dem Steier gehalen. Hien hat ze vill gedronk an huet säi Fürerschäi missen ofginn.