Wat geschitt mam alen Handy, mam ale Computer oder mam Tablett? Déi meescht Leit hale se einfach, besonnesch de Smartphone an de Laptop.

66 Prozent vun de Leit halen den ale Smartphone, 21 Prozent verkafen en oder ginn en ewech, seet eng nei Publikatioun vum Statec.

Wann den Apparat ewechgepucht gëtt, dann awer meeschtens iwwert de Recycling. Just 1 Prozent soen, si géifen den alen Handy an den Drecksbac geheien.

Wat sinn d'Krittären, wann ee sech en neien Apparat keeft? De Präis ass dat wichtegst, dann de Stockage an d’Vitess, sou nach de Statec.