Mat hirem chineeseschen Homolog Liu Kun huet si iwwer déi makroekonomesch a geopolitesch Tensioune geschwat, virop den Ukrain-Krich an d'Präishaussen.

En Donneschdeg ass d'Finanzministesch Yuriko Backes aus China erëmkomm. Si war déi éischt europäesch Finanzministesch, déi zanter dem Enn vun der Pandemie an deem Land war.

Och d'Entwécklung vun de Finanzservicer tëscht béide Länner war Sujet, grad wéi d'Roll vun de Finanzen an der Lutte géint de Klimawandel.

D'Yuriko Backes hat wärend hirem Sejour a China och Echangë mat Professionellen aus dem chineesesche Bankwiesen. A si huet sech zu Beijing an zu Shanghai mat den Direktere vu chineesesche Finanzhaiser getraff, déi och zu Lëtzebuerg present sinn.

E Memorandum of Understanding gouf tëscht der Lëtzebuerger Bourse an der China Everbright Bank ënnerschriwwen. En éischte Schratt fir d'Integratioun vun de Finanzmarchéen an Europa a China virunzedreiwen.