D'Grenz tëscht Veianen a Bauler ass zou

© Marc Hoscheid
Well den Trafic hinnen ze vill gouf, hunn déi Responsabel vun der däitscher Gemeng zu engem Mëttel gegraff, dat de Lëtzebuerger Noperen net gefält.
Am Fong ginn et am Schengenraum keng haart Grenzen tëscht de Memberstaaten. Well Lëtzebuerg an Däitschland béid d'Ofkommes am Joer 1985 ënnerschriwwen hunn, gëtt et zanterhier keng systematesch Grenzkontrolle méi, wann een d'Corona-Pandemie emol ausklammert. Ma wie vu Veianen erfort, méi genee vun engem Feldwee beim Sanatorium, a Richtung Däitschland trëppelt oder fiert, dee steet op eemol virun enger rout-wäiss gesträifte Barrière, genee op der Héicht vun der Grenz.

© Marc Hoscheid
Dobäi muss ee sech net erféieren, den Iwwergank gëtt net iwwerwaacht, d'"Konstuktioun", déi een e bëssi méi wäit de Wee erop gesäit, ass just een Hochsitz fir Jeeër. Op Nofro beim Claude Tonino, Buergermeeschter vu Veianen, wat et mat der Barrière op sech huet, erkläert hien, datt dës vun der Gemeng Bauler, direkt op där anerer Säit vun der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz, opgeriicht gouf. Zu Veianen ass een doriwwer alles anescht wéi frou. De Feldwee, deen u sech fir den normalen Trafic gespaart ass, war bis d'Barrière virun net grad dräi Joer opgeriicht gouf, virun allem ee Schläichwee fir Leit, déi an Däitschland wunnen an am Sanatorium schaffen. Dës missten elo een Ëmwee fueren, an dat zousätzlecht Verkéiersopkommes géif Veianen zousätzlech belaaschten. De Gemengepapp gëtt zudeem ze bedenken, datt de Sanatorium ausgebaut soll ginn, an Zukunft also méi Leit do schaffe wäerten.
Et gëtt mat Ponts et chaussées no enger Alternativ gesicht
Et hätt een Treffen tëscht de Responsabele vun deenen zwou Gemenge ginn. Veianen hätt sech dobäi fir eng aner Léisung ausgeschwat, mee dat wier net dra gewiescht. Dofir wier een am Moment mat de Ponts et chaussées amgaangen, no enger Alternativ ze sichen. Et wéilt een eng nei Strooss vun der Lëtzebuerger Säit bis zur "Landesstraße 1" an Däitschland bauen. Wou genee dee Projet drun ass a wéi genee de Verlaf vun der Strooss ausgesi soll, seet de Claude Tonino iwwerdeems net. Den Dossier wier elo um nationalen Niveau ukomm.
D'Marianne Milbert, Buergermeeschtesch vun der "Ortsgemeinde" Bauler, confirméiert op Nofro hin, datt déi däitsch Gemeng d'Barrière opgeriicht huet. Dat net wéinst deene Leit, déi all Dag op Veianen fueren, fir do am Sanatorium ze schaffen, mee well och vill aner Gefierer, virun allem Campingcaren a Camionen, de Feldwee notze géingen. Doduerch géife Schied un der Strooss entstoen, fir déi um Enn d'Gemeng Bauler opkomme misst. Dat wier fir déi kleng Landgemeng, déi laut Wikipedia 77 Awunner huet, eng grouss finanziell Belaaschtung. Grond fir déi vill Gefierer wier, datt "Google" de Wee als normal Strooss ausweise géing. Si erënnert och dorun, datt et sech ëm ee Feldwee handelt, dee souwisou fir den normalen Trafic gespaart ass. D'Leit missten elo also keen Ëmwee fueren, mee dat wier souwisou deen normale Wee.
Plaz vun der Barrière een Zoufall
D'Streck ass och net komplett gespaart, mee beispillsweis fir d'Baueren op. Och déi Acteuren op Veianer Säit, déi ee Schlëssel fir d'Schlass, dat un der Barrière befestegt ass, brauchen, hätten ee kritt. Dem Claude Tonino no handelt et sech dobäi ëm d'Pompjeeë vu Veianen.

© Marc Hoscheid
Datt d'Barrière genee op der Grenz steet, ass dem Marianne Milbert no een Zoufall. Dat wier einfach déi eenzeg Plaz, op där se net ëmfuer kéint ginn. Ma wann d'Ëmstänn et noutwendeg maachen, géing een d'Barrière och opmaachen, beispillsweis wéi duerch d'Héichwaasser am Juli 2021 eng Mauer laanscht d'Our deels an e Koup gefall war an d'Rue du Vieux Marché dowéinst eng länger Zäit net méi befuerbar war, wat zu enger ugespaanter Verkéierssituatioun a Veianen gefouert hat.
Wéi d'Situatioun op der Däitsch-Lëtzebuerger Grenz sech weider entwéckele wäert, bleift ofzewaarden. Ma et schéngt éischter onwarscheinlech, datt den Ausseminister Jean Asselborn agräife muss.