De Wocheréckbléck vun der RTL-Redaktioun.

Schwéiert Zuchongléck
An Indien si bei engem Zuchaccident méi wéi 300 Leit gestuerwen an 900 Persoune verwonnt ginn. Zwee Passagéierzich an e Gidderzuch sollen aneneegerannt sinn. D'Zuel vun den Affer klëmmt.

E puer Sue méi
De Steierkredit, deen d'Klammen an der Steiertabell duerch d'Indextranche soll offiederen, soll réckwierkend op den 1. Januar 2023 ausbezuelt ginn. Wéi genee de Steierkredit funktionéiert a wéi vill ee soll kréien, fannt Dir hei.

Net iwwerall muss gewielt ginn
An enger Partie Gemenge steet de Gemengerot wéi och der Buergermeeschter scho fest. Wann een zu deene gehéiert, déi den 11. Juni musse wiele goen an awer nach net genee weess, wéi dat ofleeft, fënnt een hei e puer Erklärungen.

Exekutiounen am Iran
Am Mee goufen am Iran am Duerchschnëtt 4 Mënschen den Dag exekutéiert. Zanter Ufank 2023 hätt d'Land bis ewell 307 Mënschen higeriicht, op d'mannst 142 dovunner am Mount Mee.

Um Immobiliëmarché
D'Präisser fale bei den Immobilien. Souwuel Haiser, wéi och Appartementer sinn den Ament méi bëlleg, wéi nach virun engem Joer.

Awer net sou glécklech?
D’Leit zu Lëtzebuerg si manner zefridden, wéi nach virun der Pandemie, esou eng Etüd vum Statec. Zemools déi jonk ënnert eis ginn un, dass si sech méi eleng fillen, wéi nach virun e puer Joer.

Annulatiounen a Retarden
Bei der Luxair koum et duerch eng Partie Problemer zu stonnelaange Retarden. Et goufen awer och 16 Flich komplett annuléiert. Fir méi wéi 1.600 Passagéier huet d'Vakanz deemno schlecht ugefaangen. Mat Personalmanktem hätten d'Problemer vum Weekend awer näischt ze dinn, sou den OBGL.

Ofspecke virum Fluch?
D'Air New Zealand wëll elo hir Clienten op d'Wo stellen. Dat awer op fräiwëlleger Basis. Esou soll de Pilot d'Balance an d'Gewiicht vun der Maschinn besser kennen.

Zu Iechternach gouf gesprongen
Op der Traditioneller Sprangpressessioun sinn um Péngschtdënschdeg méi wéi 30 Gruppen op Iechternach gepilgert a sinn hei duerch d'Stroosse gesprongen. D'Traditioun geet an dat 19. Joerhonnert zeréck.

No enger sportlecher Woch
D'Spiller vun de klenge Länner sinn de Samschdeg op en Enn gaangen. A Lëtzebuerg konnt och eng Partie Medailen ofraumen. Am Live-Ticker fannt Dir all d'Detailer.

Doudeg Kaz fir déi Gréng
Déi Gréng vun Iechternach weise sech schockéiert. Nodeems ëmmer rëm Walplakater vun hinne beschmiert goufen, hate Friemer elo eng doudeg Kaz op ee Plakat placéiert.

Festivalstëmmung am Süden
Den Usina-Festival zu Diddeleng huet de Weekend rëm eppes ze bidden. Dëst Joer mat ënnert anerem dem Peter Fox an Interpol.

Joe Biden um Buedem
Den US-President hat seng Ried knapps fäerdeg, wéi hien iwwert e Sandsak fält a kuerzerhand um Buedem läit. Dem 80 Joer ale Mann wier awer näischt geschitt.