E belsche Motosfuerer, deen a Richtung Wemperhaart ënnerwee war, ass mat engem Auto kollidéiert, deen d'Fuerbunn mam Motocyclist gekräizt huet.

Duerch déi hefteg Kollisioun gouf de Moto e puer Meter wäit geschleidert. Beim Opprall huet de 34 Joer ale Motosfuerer sech esou uerg blesséiert, dass en nach op der Plaz gestuerwen ass.

RTL

© Police

D'Streck war wéinst dem Asaz an den Ermëttlungen dono komplett gespaart. D'Miess- an Erkennungsdéngschter waren op der Plaz. E Sonndeg am Nomëtteg gouf géint 15 Auer d'Streck och nach eemol fir weider Ermëttlunge gespaart ginn.

De Rettungshelikopter war hei och am Asaz.