Jong vu 14 Joer stierft tëscht Lëlz an Eschduerf

© Domingos Oliveira / RTL
Kuerz virun 19 Auer e Samschdeg den Owend koum et tëscht Lëlz an Eschduerf zu engem trageschen Accident.
An Automobilist war an enger Lénkskéier vun der Spuer ofkomm, huet riets d'Leitplanken touchéiert an ass doropshin an e Bam gerannt. Vun de 5 Passagéier goufen der 4 liicht blesséiert. E Jong vu 14 Joer ass nach op der Plaz u senge schwéiere Blessure gestuerwen.
Déi Blesséiert goufe vun de Secouriste versuergt a koumen fir eng Kontroll an d'Spidol. D'Streck war fir den Asaz gespaart.
Op Uerder vum Parquet ënnersicht de Miess- an Erkennungsdéngscht déi genee Ursaach vum trageschen Accident.
De CGDIS mellt, dass de Rettungshelikopter hei och am Asaz war.