Vill Blesséierter op eise Stroossen

Niewent den 2 déidlechen Accidenter, déi et e Sonndeg ze melle gouf, mellt de CGDIS awer och eng ganz Partie weider Accidenter mat Blesséierten.
Tëscht dem Vesquenhaff an Déifferdéng waren en Auto an e Moto aneneegerannt. Dat war um 10 vir 8 e Samschdeg den Owend. De Samu vun Esch gouf geruff. Zwee Blesséierter goufen hei gemellt.
Méi fréi am Owend um 20 op 6 war e Motard tëscht der Giewelsmillen a Buerschent gefall an hat sech wéigedoen.
An der Nuecht op e Sonndeg, méi genee um 20 op 2, gouf et en Accident op der Saarautobunn tëscht Munneref an dem Tunnel Markusbierg. Hei goufen zwou Persoune verwonnt.
E puer Minutten drop war en Auto am Rollengergronn an der Stad bäigaangen. Ee Blesséierte gouf et hei.
D'selwecht vum Véierel vir 3 e Sonndeg de Moien. En Auto war zu Déierbech op d'Kopp gaangen.
Zu Rolleng bei Miersch ass dann nach e Sonndeg de Moien en Auto géint eng Mauer gerannt, hei gouf eng Persoun blesséiert.