Op der Streck tëscht der Maulesmillen an der Rossmille koum et e Samschdeg géint 16.30 Auer zu dësem Accident.

Souwuel de Motosfuerer, wéi och den Automobilist wollten op der genannter Streck usetzen, fir z'iwwerhuelen. Hei ass de Motocyclist du géint d'Säit vum Auto gefuer. De Mann konnt säi Moto no der Kollisioun ënner Kontroll bréngen an unhalen. Hien huet sech allerdéngs eng Blessur um Been zougezunn a koum no enger éischter Behandlung op der Plaz an d'Spidol.

Géint 2.20 Auer e Sonndeg de Moie koum et op der A13, op der Héicht vum Tunnel Markusbierg zu engem Accident tëscht 2 Autoen. Hei ass een Auto um Daach gelant. Béid Chauffeure goufe vun de Rettungsekippen op der Plaz behandelt a koume fir weider Kontrollen an d'Spidol. D'A13 gouf wéinst den Opraumaarbechte gespaart. Ee Chauffeur hat positiv Alkohol- an Drogentester an huet säi Permis missten ofginn.