E Samschdeg den Owend géint 20.30 Auer krut d'Police e Chauffeur gemellt, deen op der A7 a Richtung Norden ënnerwee war.

Hien huet op Grond vu sengem Fuerverhalen op sech opmierksam gemaach. Eng Patrull konnt de gemellten Auto kuerz drop virun Ettelbréck ermëttelen an huet misse feststellen, dass de Chauffeur säi Gefier net ënner Kontroll hat.

D'Police huet dem Fuerer du mat de Sireenen an der bloer Luucht wollte matdeelen, fir stoen ze bleiwen, dësen huet awer net reagéiert. Hien ass Schlaangelinne gefuer an ass dacks praktesch op d'Géigespuer geroden. An der Ausfaart Ettelbréck ass de Chauffeur dunn och nach bal an d'Mauer vum Tunnel gefuer. Um Enn vum Tunnel konnt d'Patrull laanscht de Won fueren an en du schlussendlech stoppen. De Chauffer huet nach wärend dem Fuere probéiert, op d'Réckbänk ze klammen an ass dowéinst an de Policeauto gerannt. Béid Passagéier goufen immobiliséiert a mat op de Büro geholl. De Bäifuerer a Proprietär vum Auto war esou staark alkoholiséiert, dass hien an d'Ausniichterungszell komm ass.

De Chauffer hat ze vill gedronk, sou d'Resultat vum Alkoholtest. Hien hat iwwerdeems kee valabele Permis. Den Auto war och net verséchert. Op Uerder vum Parquet gouf dëse beschlagnaamt. Et gouf Plainte géint déi zwou Persoune gemaach.